Eise Kéisécker – dat luest an onbemierkten Ausstierwe vum „Maskottchen“ vum Mouvement Ecologique 

Maacht mat bei der Aktioun vum Mouvement Ecologique an Oekozenter Pafendall!    

 

Viru 50 Joer hunn d’Grënner vum Mouvement Ecologique decidéiert hir Zäitschrëft «De Kéisécker» ze nennen, wëll dës Déierenaart sympathesch a pickeg zugläich ass. Deemools hätt kee geduecht datt dës Déierenaart eemol géing riskéieren auszestierwen.

 

De Kéisécker a Gefor

Elo ass et souwäit: De Kéisécker ass a Gefor. De Réckgang vun den Aarte weltwäit, an och zu Lëtzebuerg, ass dramatesch! Esouguer Aarten, déi zu Lëtzebuerg iwwerall verbreet waren, ginn drastesch zréck! De schläichende Verloscht vun der Biodiversitéit ass net nëmme fir d’”Spezialisten” ënnert den Aarten (déi spezifesch Liewensraim brauchen) däitlech erkennbar: keng Insekte méi op der Fënster vum Auto, keen Hues a kee Feldhong méi op der Gewaan, d’Léiercher op eise Felder sangen (bal) net méi, keng Tureil a kee Steekauz méi, déi nuets Kreesch dinn, Spatz a Schaachtegschmuewele verschwannen aus eisen Dierfer a mir sinn erféiert se op der Rouder Lëscht erëmzefannen …A leider gehéiert de Kéisécker zu dësen Aarten déi bedreet sinn.

 

 

Aktioun: Hëllefen d’Verschwanne vum Kéisécker ze verhënneren

Mir sinn eis et schëlleg, alles ze maachen, fir de Kéisécker, dee fréier heefeg an all Gaart an op der Gewan gelieft huet, virum Verschwannen ze retten…

Hei fannt Dir de Flyer zu der Aktioun – PDF

 

 

Bedeelegt och Dir Iech! Dir kënnt op 2 Aart a Weise matmaachen:

  • Mëllt eis wann Dir e Kéisécker gesitt! Mir maachen domat eng Bestandsopnam, déi hëllefe wäert de Schutz ze verbesseren!
  • Leet selwer e kéiséckerfrëndleche Gaart un! Schéckt eis Är Beispiller eran a reegt domat och aner Leit un!
  • Mat dëser an aneren Aktioune leeschte mir e Bäitrag fir den Erhalt vun eiser Biodiversitéit. Maacht och Dir mat! Mir sinn et eiser Natur, eis selwer an den nächste Generatioune schëlleg.

 

Éischten Tëschestand vun der «Aktioun Kéisécker» – Juli 2019: Iwwerraschendes a Spannendes

Hei kënnt Dir den éischten Tëschestand vun der Aktioun noliesen: Link

 

Projet Kéisécker – Bilanz no engem Joer

Hei kënnt Dir d’Bilanz vum 1. Joer vun der Aktioun noliesen: Link

Steckbréif

Wou kommen d’Problemer hier?

Steckbréif

Wou kommen d'Problemer hier?

Bitt dem Kéisécker eng Stopp fir déi kal Joreszäit!

Maacht mat! Mellt Är Beobachtungen!

Bitt dem Kéisécker eng Stopp fir déi kal Joreszäit!

Maacht mat! Mellt eis Är Beobachtungen!

Maacht mat – e kéiséckerfrëndleche Gaart!

Gitt kéiséckerfrëndlech Gemeng!

Maacht mat - e kéiséckerfrëndleche Gaart

Gitt kéiséckerfrëndlech Gemeng!

Schaaft Iech e klénge Kéisécker-Passage un!

Wëllt Dir dem Kéisécker e richtegen Duerchgang maachen? An Ärem Gaart heimat weisen, datt Dir e kéisécker-frëndleche Gaart hutt an aner Leit, Är Noperen, Frënn … esou mat sensibiliséieren?

Dann ass dëse Mini-Tunnel aus Douglasholz – extra fir dës Aktioun gemaach – genau dat Richtegt fir Iech. Präis: 16.- Euro beim Ofhuelen am Oekozenter Pafendall, 20.- Euro wann e soll verschéckt ginn.

Dir kënnt den Tunnel bestellen iwwer E-mail meco@oeko.lu iwwer Tel.: 439030-1 oder iwwer eise Shop (Link)