Matmaach-Aktioun:

Wanterquartéier gesicht – bitt dem Kéisécker eng Stopp fir déi kal Joreszäit!

Elo wou d’Deeg méi kuerz ginn, preparéiert de Kéisécker sech op säin alljäerleche Wanterschlof. Fir dësen ongestéiert a gesond ze iwwerstoen, brauch hien dofir eng gutt Stopp.

Dir kënnt him hëllefen an deems der eng gëeegent Kéisécker-Stopp an ärem Gaart bereet stellt.

Dat Einfachst ass, ganz nom Virbild vum Naturgaart, elo am Hierscht net ze vill propper ze raumen: e Koup Blieder als Polstermaterial, zougedeckt mat Äscht vum Heckeschneiden an engem ongestéierten Eck leie loossen, en Holzstapel mat e puer Brieder laanscht d’Gaardenhaischenmauer gestäipt … a schonn huet d’Däreldéier ideal Méiglechkeeten fir ënnerzekommen.

Vläicht kribbelt et iech allerdéngs an de Fanger fir e bëssen eppes ze knéchelen oder äre Locataire erlaabt iech déi uewe genannten « Wildnis » net. Da proposéiere mir iech zwee kéiséckertauglech Wanterquartéier. De Modell « Paletthomska » ass e bësse méi rustikal, mee stellt eng Win-Win-Situatioun duer: nieft dem Quartéiercharakter bitt en och wäertvoll Plaz z.B. fir Kamäinholz ze stapele fir de Gaardebesëtzer. Deen zweeten, scho méi sophistiquéierte Modell « Ygelhytta », léisst sech entweder duerch Camouflage-Techniken an de Gaart integréieren oder et kann ee senger Kreativitéit fräie Laf loossen. Béid Modeller stinn am Beschten op enger méi roueger Plaz, mam Réck zu enger Gaardenhaischen- oder Garagemauer a kucke Richtung Südosten (Reen-ofgewante Säit).

Modell « Paletthomska » :

Material :

  • 1 Euro-Palette ( Palette mat dem Brandzeechen « HT » (Heat Treatment) benotzen, wëll just déi sinn net chemesch behandelt).
  • Brieder fir op d’Säite vun der Palett, an dënn Brieder/Plack fir op d’Uewersäit vun der Palett aus wiederbestännegem onbehandeltem Holz (z.B. Melaise)
  • See
  • Akkuschrauwer + Schrauwen
  • Tacker oder Neel + Hummer
  • Bläistëft, Meter
  • optional: Folie

 

Preparéiert eng Plaz an ärem Gaart, am Beschten nieft enger Mauer oder Heck, wou dier d’Palette-Quartéier herno hileeë wëllt. Botz d’Plaz esouwäit datt der d’Palett de breede Wee platt op de Buedem leeë kënnt. Leet dréche Blieder, Stréi oder Hee als Polstermaterial fir de Kéisécker op d’Plaz, tëscht d’Palette. (Dëst ass keng Mussesaach, falls hie selwer déi Saachen an ärem Gaart fënnt, schleeft hien déi och dohinner.)

 

Moosst d’Säite vun der Palett a schneit d’Brieder esou of, datt se op d’Säite vun der Palette passen (2 méi laang an 2 méi kuerz Stécker). An eng Lat muss e Lach vun ca. 12 x 12 cm geschnidde ginn als Agang fir de Kéisécker.

 

 

 

 

Schrauft d’Laten op d’Säite vun der Palette. Déi Säit mam Lach kuckt elo no vir. Leet d’Palette elo op déi preparéiert Plaz am Gaart. Leet d’Folie (z.B. Teichfolie/Plastikfolie) op d’Uewersäit vun der Palett, schneit se op déi richteg Gréisst. Tackert d’Folie un der Palett fest. Dëse Schrëtt ass optional, mee duerch d’Folie bleift d’Wanterquartéier dréchen a fault net esou séier.

 

 

Wann een d’Folie ewech léisst, soll een awer beim nächste Schrëtt gutt oppassen, datt d’Brieder déi uewendrop leie kommen aus wiederbestännegem Holz sinn, fir datt de Kéisécker et dréchen huet. Leet d’Brieder op d’Folie a schrauft se och un.

 

 

 

De Kéisécker huet elo schonn alles wat hie brauch. Dir kënnt och vun dëser Lager-Plaz profitéieren, z.B. kann hei Feierholz wat nach dréchne muss stockéiert ginn. (Denkt just drun datt de Kéisécker gären ongestéiert säi Wanter verbréngt.)

 

 

 

Modell « Ygelhytta » :

  • hëlze Wäikëscht
  • Brieder aus wiederbestännegem Holz
  • Akkuschrauwer + Schrauwen
  • See
  • Bläistëft, Meter
  • optional: Folie

 

Fir d’éischt de Wäin aus der Këscht huelen (ob der en drénkt oder net, sief iech iwwerloosss…) Schneit dann op eng vun de schmuele Säite vun der eideler Wäikëscht e Lach mat den Dimensiounen 13 x 13 cm. Leet Polstermaterial (dréche Blieder, Hee oder Stréi) an d’Këscht.

 

 

 

Baut aus dräi Laten (je 12 x 30 cm) en Tunnel, deen no uewen zou ass, an ënnen op. Schrauft heifir déi eng Lat op déi zwou aner. Preparéiert eng Plaz an ärem Gaart, am Beschten nieft enger Mauer, wou der de Quartéier herno hileeë wëllt. Amenagéiert d’Plaz esouwäit, datt der d’Wäikëscht platt op de Buedem stelle kënnt. Stellt d’Wäikëscht op déi preparéiert Plaz um Buedem a stiecht den Tunnel an d’Lach. Den Tunnel muss net extra befestegt ginn, stiecht en awer esou wäit eran, datt en net vum selwe ka lassgoen.

 

Dir kënnt optional eng Teichfolie/Plastikfolie iwwert de Kéiséckerquartéier leeën. D’Folie schützt d’Wäikëscht virum faulen an hält d’Quartéier och dréchen. Alternativ kann d’Wäikëscht mat enger ekologescher Lasur bestrach ginn (just baussen!).

 

 

 

Elo ass ärer Kreativitéit fräie Laf gelooss! Mir hunn Äscht, Blieder a Buedem op d’Haus geluecht, fir datt de Quartéier méiglechst natierlech ausgesäit, bannen dran awer schuckeleg dréche fir de Wanterschlof vum Kéisécker ass.

 

 

 

 

 

 

De Kéisécker op kee Fall am Wanterschlof stéieren, och net fir just kuerz ze kucken ob d’Quartéier besat ass ! Dir kënnt iech allerdéngs mat engem dënnen Aascht oder engem Grashallem virun der Entrée eng Markéierung setze fir ze kontrolléieren ob Beweegungen am Agank sinn …