move.

Jugendgrupp – Projeten – Aktivitéiten – Ëmweltbildung – Workshops – Stage

move. ënnerstëtzt jonk Leit, déi sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft wëllen engagéieren. Zil ass et Jonken, déi sech fir en nohaltege Liewensstil wëllen asetzen eng Stëmm ze gin.

move. schafft op Themeberäicher déi enk mam Ëmweltschutz verbonne sinn. Nieft engem eegestännege Jugendgrupp ginn Projeten, Aktivitéiten an Ëmweltbildung zu Themen ewéi Klima, Konsum, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Ernährung, Demokratie a Matbestëmmung, oder Ëmweltbildung ugebuede.

 

Jugendgrupp: 

Du wëlls eppes beweegen?

Klimawandel, Globaliséierung, Naturschutz oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi eis am Alldag beschäftegen. Natierlech kënne mer drop waarden datt anerer sech drëm këmmeren. Mir kennen awer och selwer aktiv ginn, eis zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren.

de move. Jugendgrupp trëfft sech regelméisseg

Workshops:

move. bidd verschidde Workshops zum Thema nohaltëg Entwécklung fir Schoulen oder Jugendgruppen un. Bei weidere Froen schreiwt einfach e Mail op move@oeko.lu oder rufft un um 43 90 30 – 32

Maach e Stage bei move:

Säit Februar 2016, bitt move. jonke Mënschen d’Méiglechkeet e Stage am Oekozenter ze maachen. Am Stage kréie Schüler oder Studenten d’Méiglechkeet op engem konkrete Projet ze schaffen. Je no Dauer an Interessen, ginn zesummen Ziler festgehal a vill Wäert op déi perséinlech Entwécklung vum Jonke geluet.

Du bass un nohalteger Entwécklung interesséiert? Du hues Loscht op engem konkrete Projet ze schaffen?

Schéck einfach däi Motivatiounsbréif an däi CV op move@oeko.lu

 
Fir méi Informatiounen gitt w.e.g hei op de Site vu move: move.meco.lu/