Mir leeën e kéiséckerfrëndleche Gaart un – informéiert eis iwwert Är Initiativen!

 

Einfach Aktiounen mat deenen dem Kéisécker séier gehollef ass – fir jiddweree vun eis, awer och fir d‘Gemengen:

 

Chemiefräie Gaart uleeën

Benotzt keng Chimie am Gaart! Schleekegëft an Insektizide vernichten dem Kéisécker seng Nahrungsgrondlag a kënnen hie krank maachen. Dëst gëllt och fir kënschtlechen Dünger. Duerfir ass e Biogaart optimal fir de Kéisécker.

 

 

 

Naturno Anlage gestalten

– Méit net alles mateneen, mee loosst ëmmer een Deel méi héich stoen. De Kéisécker freet sech iwwert dës Stopp.
– Leet amplaz vu gréngem Wues méi faarweg Wise mat Bléien un. Hei schléit een direkt méi Mécke mat enger Baatsch: Dës Wise brauchen net esou dacks geméit ze ginn, dat heescht de Kéisécker gëtt manner gestéiert, e kann sech verstoppen an duerch déi vill Bléien si méi Insekten do, déi hie friesse kann.

Duerchgängegkeet tëschent Liewensraim sécherstellen

Zénk sinn eng Barrière fir de Kéisécker, wou e net derduerch kënnt oder dran hänke bleift. Maacht duerfir kéiséckergerecht (13x13cm) Lächer an Dréit a Maueren (z.B. https://www.hedgehogstreet.org/).
Planzt z.B. eng Heck amplaz vun engem Zonk.

                                      

E flotten an originelle Kéisécker-Tunnel aus Holz kënnt Dir an eisem Shop bestellen (Link)

Fale vermeiden

E Weier oder eng Schwämm mat ze géien Uwänner sinn eng reegelrecht Fal fir de Kéisécker, well en hei net méi eraus kënnt an erdrénkt. Leet an deem Fall einfach eng Ramp un, iwwer déi de Kéisécker eraus klotere kann, wann en emol an d’Waasser fält.

 

 

 

Fir Plaze suergen, wou e sech ka verstoppen

De Kéisécker brauch awer och Méiglechkeete fir sech ze verstoppen. Op enger dréchener Plaz kann een e Stapel Holz, e Koup Äscht a Blieder opschichten, wou de Kéisécker kann drënner krauchen. Optimal ass e Kéiséckerhaus.

 

 

Opgepasst beim Asaz vu Maschinnen!

Scho méi wéi ee Kéisécker gouf Affer vun engem Fräischneider oder enger Méimaschinn. Op kee Fall e Méiroboter asetzen! Dës Apparater ginn oft och nuets agesat, wann de Kéisécker als nuetsaktiivt Déier ënnerwee ass, an Tester hunn gewisen, datt si de Kéisécker „voll erwëschen“…

 

Feinde vum Kéisécker: Trapen, Drot, Trennwänn, „Netzer“

Et ass wichteg, datt de Kéisécker Passagen am Drot, an den Trennwänn a Maueren zum Noper huet. E brauch nämlech eng ganz Rei vu Gäert als Revéier fir ze iwwerliewen a muss hei hin an hier goe kënnen! An e kéiséckerfrëndleche Gaart gehéieren och keng Äerdbiernetzer oder aner Saache wou de Kéisécker kéint ëm d’Liewe kommen.

            

 

Manner Auto a lues fueren

Grousse Feind vum Kéisécker ass den Auto. Op senge Wanderungen nuets hëlt hien ëmmer aner Weeër, et weess een duerfir ni wou en iwwert d’Strooss geet.
Extra Kéisécker-Passagen oder Unterführunge bréngen also net vill. Eisem pickege Kolleg ass am Beschte gehollef, wann Dir op den Auto verzicht. Wann Dir awer nuets mam Auto ënnerwee sidd, da fuert lues (och wéinst aneren Déieren) a passt virun allem bei Plaze wou Hecken un d’Strooss stoussen, gutt op!

 

Mir ruffen all Kéiséckerfrënn op konkret Projete fir de Schutz vum Kéisécker ze maachen, onofhängeg dovun, ob Dir eng Privatpersoun, e Veräin oder eng Gemeng sidd.

Mir wëlle gutt Beispiller och bei eis weisen: op dëser Internetsäit, ma och an dem Memberbulletin vum Mouvement Ecologique oder op Facebook.

Mailt eis e puer Fotoe vun Ärem Projet!