Maacht mat: Wou liewen nach Kéisécker zu Lëtzebuerg? – Mellt eis Är Beobachtungen!

Mir sammelen Infoen iwwert d’Virkomme vum Kéisécker zu Lëtzebuerg. Hutt Dir 2019 e Kéisécker gesinn, souguer vläicht bei Iech am Gaart? Oder leider just iwwerrannt um Bord vun der Strooss?

Mir brauchen Är Beobachtungen uechter d’Land fir dem Kéisécker seng aktuell Verbreedung hei zu Lëtzebuerg ze ermëttelen. Gëtt et bestëmmte Plaze wou en nach méi dacks virkënnt? Op anere guer net méi?

Andeem een esou en Inventaire a reegelméissegen Ofstänn mécht, kann een eng Ausso zur Bestandsentwécklung iwwert Joerzéngte maachen a feststellen, op Schutzmoossnamen effikass sinn oder net …

An: Op deene Plaze wou en nach méi heefeg ass, soll en et natierlech och weiderhi bleiwen, an do wou en net méi dacks ze fannen ass, mussen onbedéngt Mesuren ergraff gi fir en ze ënnerstëtzen!

Wat méi Leit  bei dësem Monitoring matmaachen, wat eist Bild méi genee gëtt. Selbstverständlech wäerte mer Iech iwwert d’Resultat ausféierlech informéieren!

 

Wéi matmaachen?

Mellt all Är Beobachtunge wou a wéini Dir e Kéisécker gesinn hutt!

Dir kënnt dat op 3 Aart a Weise maachen:

 

1 – Mat Ärem Smartphone via d‘App  iNaturalist(*):

Biller Uleedung: Beobachtungen mat der App mellen „iNaturalist“ (PDF)

 

2 – Iwwer den Internetsite vun iNaturalist(*): https://www.inaturalist.org/

Biller Uleedung: Beobachtungen iwwer Internet „www.inaturalist.org“ mellen (PDF)

 

3 – An deem Dir e Mail mat de genauen Donnéeë vun Ärer Beobachtung (Koordinaten, Datum) un meco@oeko.lu maacht oder beim Gréngen Telefon urufft: 439030-1, dann droe mir et fir Iech an.

 

De Kéisécker seet Iech elo scho Merci fir är Hëllef!

 

Verfollegt de Projet!

Iwwert den iNaturalist-Projet-Site „De Kéisécker“  kënnt Dir live verfollegen, wou de Kéisécker am Kader vun eiser Aktioun iwwerall gemellt gëtt. Mir mellen eis och reegelméisseg mat News an Auswäertungen zum Projet am Kéisécker-Info.

 

Opgepasst!

De Kéisécker ass e wëllt, fräiliewend Déier. Dofir w.e.g. keen Déier upaken, afänken oder onnéideg hetzen (z.B. wann der eng Foto maacht). Wann der sollt e blesséierte Kéisécker fannen, mellt Iech am Beschte bei der Opfangstatioun fir Wëlldéieren (Diddeleng) oder eng vun den Drop-off Plazen.

 

 

*) iNaturalist ass e Citizen-science Projet an en online Netzwierk vun Naturalisten, interesséierte Leit aus dem Grand Public a Biologen, dat um Konzept vum crowd-sourcing vun Donnéen zu der weltwäiter Biodiversitéit baséiert. Fotograféiert Planzen- an Déierenaarte ginn duerch eng Software automatesch erkannt, an dës Identifikatioune ginn dono awer och vun der iNaturalist-Community validéiert. Sou entwéckelt a verbessert sech dës Bestëmmungs-Software um lafende Band an d’Donnée kënne fir wëssenschaftlech Zwecker benotzt ginn.