De Podcast: Ouerestëppler

Freet Iech ab elo ob reegelméisseg ureegend a labber Gespréicher zu Theme vun der nohalteger Entwécklung mat Experten. Sief et zum Zoustand vum Bësch, zur Wuesstemsfro, praktesche Froen am Alldag, der Pestizideproblematik… hei gitt Dir méi gewuer. Dobäi steet de Bezuch zu Lëtzebuerg am Fokus.
Egal ob Dir ënnerwee sidd, doheem schafft, nei Perspektive kenneléieren oder einfach méi zu engem Thema wësse wëllt – et lount sech eranzelauschteren.
Hutt Dir Dossieren, wou Iech als Member besonnesch interesséieren? Wou Dir Iech e Podcast derzou wënscht? Da schreift eis op meco@oeko.lu
Neisten Episod
All Episoden
- Episod 2: Wéi tickt d’Jugend vun haut? (Lauschtert hei eran)
- Episod 1: Ass eise Bësch krank? (Lauschtert hei eran)