fr | en | de |
fr | en | de |

SHOP Mouvement Ecologique

Merci fir Äert Interessi um Shop vum Mouvement Ecologique. Aktuell bidde mir nëmme wéineg Artikelen am Shop un.

 

Wann Dir Interessi hutt un enger Serigraphie aus der Serie „Kënschtler fir d’Ëmwelt“, da kënnt Dir eis gäre kontaktéieren. Mir kënnen Iech dann gena soen vu wéi enge Kënschtler nach Wierker disponibel sinn an och d’Biller schécken Dobäi si ë. a Anne Weyer, Anette Weiwers, Anne Vinck, Roland Schauls, Rolf Ball, Gast Michels (1954-2013), Isabelle Lutz (Gravur), Adolphe Deville, Joseph Grosbusch (1928-2008) und Charly Reinertz.

 

Dir kënnt bei eis awer och weider den Autocollant „Keng Reklamme w.e.g.“ fir op Är Breifboîte kréien. Geméiss dem „neien“ Offallgesetz dierft Dir keng Reklamme méi kréien – ausser Dir hutt e Sticker op Ärer Bréifboîte wou Dir sot, datt Dir der wëllt. Wëll awer Gratis-Zeitungen dommerweis vum Gesetz net méi als Reklamm ugesi ginn  notzen nach ëmmer vill Leit den Autocollant „Keng Reklamme w.e.g.“ op hirer Bréifboîte. Wëll bei deem huet gegollen: och keng Reklammzeitungen!

 

Dir kënnt se gratis bei eis am Sekretariat ofhuelen – oder mir schécken Iech se op Wonsch och gäre per Post zou.

E klengen Don fir de Projet ass natierlech ëmmer wëllkomm!

Donatiounen:

  • CCP: LU16 1111 0392 1729 0000
  • BCEE: LU20 0019 1300 1122 4000
  • Betreff: Don „Keng Reklamme w.e.g.“

Schéckt einfach eng E-Mail op secretariat@meco.lu oder rufft eis un Tel: (+352) 439030-1, fir méi ze gewuer ze ginn!

 

Ëffnungszäiten:

Méindeg bis Donneschdeg: 8:00-12:00 / 14:00 – 17:00

Freideg: 8:00 – 12:00