Bilanz no engem Joer Kéisécker

Déi gutt Noriicht fir d’éischt: d’Däreldéier gëtt et nach zu Lëtzebuerg! Insgesamt goufen 165 Kéisécker nogewisen. Vun der éischter Beobachtung den 8. Mäerz 2019 bis déi lescht Observatioun, de 26. Oktober 2019 sinn 144 verwäertbar Meldungen iwwert Mail oder duerch direkt Androen op iNaturalist eragaangen, dovu 40% mat enger Foto! De Verlaf vun de Meldungen gëtt och schéin d’Aktivitéitsperiod vum Kéisécker wärend der Saison erëm. No dem Wanterschlof ass déi héchsten Aktivitéit wärend de Méint Mee a Juni, wou natierlech grad fir d’Weibercher d’Nuetsaktivitéit am Gréissten ass fir Fudder ze fannen. Wat mer net konnte feststelle war e Migratiounspeak am Hierscht wann déi al a jonk Kéisécker eigentlech eng Wanterstopp siche respektiv sech op d’Sich vun engem neie Revéier maachen. Interessant wär weiderhin ze kucken ob déi éischt phenologesch Beobachtungen nom Wanterschlof am Fréijoer sech am Laf vun de leschte Joren als Folleg vum Klimawandel no vir geréckelt sinn an a wéi enger kierperlecher Verfassung d’Weibercher nom Wanter sinn (e waarme Wanter mat e puer Erwäche ka méi Energie kaschte wéi e richtege Wanterschlof bei Minusgraden!)

De Kéisécker als Affer vun Zerschneidung a Verkéier

Leider waren dovunner 26 Déieren (16%) dem Stroosseverkéier  an 1 der Eisebunn zum Affer gefall.

Eng Partie Meldunge koume vun der B7 op der Héicht vu Schieren. Et kann een hei awer unhuelen dat d’Donkelziffer nach wäitaus méi grouss ass, well deen een oder aneren sech sécher gescheit huet eis esou eng Meldung eranzeginn oder eng Foto vun deem net esou schéinen Ubléck ze maachen oder eben et einfach geféierlech war op där Plaz eng Noweisfoto ze huelen. Déi iwwerrannte Kéisécker-Meldunge weise leider gutt wéi fatal déi zerschneidend Wierkung vun dëser an anere Stroossen op eis Landschaft an hir Bewunner ass.

Eng weider Doudesannonce koum aus der Mëtt vum Land, wou nogewise konnt ginn, datt den Uhu sech net virum pickege Mantel vum Kéisécker ofschrecke léisst fir sech dee schmaachen ze loossen .

.

Ongläich Verbreedung zu Lëtzebuerg

© iNaturalist.org

Dank deem fläissegen Donnéeë-Sammele vun iech all, koum innerhalb vun engem Joer eng flott Verbreedungskaart vum Kéisécker zu Lëtzebuerg zesummen.

Wat hei opfält, ass, datt keng Noweiser aus de méi géie Flossdäller (z.B. Mamer- an Äischdall), wéi och aus dem Éislek koumen. D’Däreldéier gouf virun allem am Südwesten an am Uelzechtdall nogewisen. Fir heiraus ze schléissen, datt et de Kéisécker do effektiv nach méi oft gëtt, oder ob en reng duerch déi méi héich Bevëlkerungsdicht a Passage méi gesi gouf, kënne mir hei net soen.

Aus den Uertschafte Lëtzebuerg, Stroossen, Diddeleng a Schieren koumen am meeschte Meldungen. Well net op alle Plazen am Land gläich vill gekuckt gouf, ass dës Verbreedung wuel och éischter a Relatioun mat der Siidlungsdicht vum Mënsch respektiv enger Verdeelung vun eisen engagéierte Memberen ze gesinn!

Ausstierwe vum Kéisécker an der Gewan

Déi pickeg Kolleege goufe virun allem (ca. 85%) a Gäert an em d’Haiser am urbane Raum (Dierfer, Stied) nogewisen, un zweeter Plaz (ca. 12%) sinn se am Oppeland (Felder, Wisen) gesi ginn an e puer Stéck goufen der och am Bësch gesinn (Tortendiagramm Noweiser urban/Offenland/Wald). Bannent den urbane Siichtungen, goufen a méi wéi der Hallschent vun de Fäll d’Beobachtungen a Privat-Gäert gemaach, dono komme Stroossen (Parkingen), an eenzel Individue goufen och aus Parke gemellt. Hei schielt sech eraus, dass d’Oppeland mat der aktueller intensiver Landwirtschaft an dem Asaz vu Pestiziden a vill Gülle a Konschtdünger bal keng Liewensgrondlag méi fir eise Kéisécker bitt. Obwuel eis Gewan nach eng Partie gréng Kulisse wéi Hecken opweist, esou ass d’Fudderangebot vun Insekten, Schleeken asw. hei mëttlerweile vill ze geréng fir do nach kënnen ze iwwerliewen. Eis Dierfer a Stied deemno als Réckzuggebitt fir eng Aart déi fréier heefeg an der Gewan ze fanne wor …

De Kéisécker als Opportunist

An 12 Fäll huet de Kéisécker sech um Kazefudder, dat méi oder manner express fir hien enzwousch dobausse stoung, zerwéiert.

Véier Persounen hunn och d’Presenz vun engem (laangjärege) Gaascht an hirem Igelhaus confirméiert an dokumentéiert.

.

Verschidde méi tragesch Meldungen op iNaturalist hu gutt dokumentéiert wéi eng Falen am Gaart op de Kéisécker lauere kënnen. Dowéinst profitéiert vun der Zäit doheem fir äre Gaart kéiséckerfrëndlech ze maachen! Eng Trap oder e Weier kënnen eng déidlech Fal fir de Kéisécker duerstellen. Denkt hei drun e Briet dohinner ze leeën, duerch dat de Kéisécker d’Méiglechkeet kritt Träppleken z’iwwerwannen oder e géit Ufer. Falls der e Maschendot ronderëm äre Gaart hutt, schneit e puer Lächer dran, duerch déi d’Däreldéier krauche kann (12×12 cm). Soss kann et mol sinn dat de Kéisécker bei sengen Nuetswanderungen hänke bleift..

Dir kënnt esou en Duerchgank fir Kéisécker och beim Mouvement Ecologique bestellen. (Shop)

2020 – Wéi geet et weider mat der Aktioun Kéisécker ?

Déi éischt Meldung vun dësem Joer koum den 12. Mäerz 2020 era! Dëst soll dann och nees de Startschoss fir jidderee sinn, fir weiderhin all Kéisécker ze mellen. Esou kënne mer hoffentlech innerhalb vum zweeten, a leschte Joer vun dësem Projet nach e puer Lücken op der Kaart fëllen. W.e.g. och wierklech déi doudeg Individue mellen. Wichteg ass et grad aus deene Géigende vum Land, wou mer nach kee Noweis hunn, all Kéisécker ze mellen! Gëtt et am Êislek wierklech keng Däreldéieren? Daat erauszefannen ass och den Challenge fir 2020 …

www.inaturalist.org