Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Projet Kéisécker – Iwwerraschendes a Spannendes

Éischten Tëschestand vun der «Aktioun Kéisécker» – Juli 2019

De Kéisécker gëtt et nach op ville Plazen zu Lëtzebuerg! Dat kënne mer elo an engem éischten Tëschestand no sechs Wochen nom Lancement vun eiser Aktioun Kéisécker definitiv soen. D’Leit hu fläisseg matgemaach an hunn eis hier Beobachtunge vum Däreldéier era geschéckt. Insgesamt 93 Beobachtunge vum Kéisécker si bis de 7. Juli 2019 gemaach ginn! Dorënner waren der vill déi mat flotte Fotoen dokumentéiert goufen, och e puer mat Wëldkamera an der Nuecht. Leider huet et sech bei ronn engem Véierel vun de Meldungen ëm iwwerrannte Kéisécker gehandelt (23 Meldungen).

Vu wou kommen d’Meldungen?

Ganz opfälleg bei der Verdeelung vun de Beobachtungen ass, datt just eng Beobachtung vu méi nërdlech wéi Ettelbréck era gaangen ass. Et ass ongewëss, ob dat dorunner läit, datt et do wierklech keng oder manner Kéisécker wéi am Rescht vum Land gëtt oder einfach do net esou vill Leit mat der Aktioun erreecht gi sinn.

Déi meescht Meldunge koumen aus dem Südweste vum Land. Dëst ass a esouwäit iwwerraschend, well dëst dat (vum Mënsch) dichtbesiidelst Gebitt a Lëtzebuerg ass. Vu datt de Kéisécker ënnert der Zerschneidung vun der Landschaft wéinst de Stroosse leit, misst ee mengen, datt hei am Fong manner Kéisécker virkommen. Allerdéngs kënnen déi méi heefeg Meldunge vun dëser Aart och ebe grad doru leien, datt hei méi Mënsche sinn, an deemno de Prozentsaz vun de Leit déi de Kéisécker bei der Aktioun mëllen domadder och méi héich ass. Zousätzlech ass wuel haut och déi oppe Landschaft an de Flouer oft esou ausgeraumt, datt hei (net nëmmen de Kéisécker) oft kee Liewensraum méi fënnt an dowéinst virun allem nach a besiidelte Liewensraim wéi am Süde virkënnt!

De Kéisécker – och en treie Gesell

Et ass ganz erfreelech, datt eng Partie Leit och gemellt hunn, datt ee Kéisécker oder ganz Kéisécker-Famillje scho wärend Joren an hirem Gaart wunnen. Verschiddener stellen de pickege Kollegen och extra Haiser op, wou se sech dra verstoppe kënnen oder d’Kéisécker besetze vum selwen Hondshaisercher.

De Kéisécker – e wëllt Déier dat virun allem e gudde Liewensraum brauch, kee “Kazefudder”

De Kéisécker geet op alle Fall och gären un Honds- oder Kazefudder schneeken dat dobausse steet – dat hu vill Persoune gemellt. Falls een dat Fudder express fir de Kéisécker opstellt, wëlle mer hei awer nach emol drop hiweisen, datt dëst e wëllt Déier ass, wat sech natierlecherweis vun Insekten a Schleeken ernäert. Och falls et dem Déier op der enger Säit hëlleft, ass et awer net gutt, wann e wëllt Déier gefiddert gëtt. Well et vum Mënsch ofhängeg gëtt, seng Schei verléiert an och seng Gewunnecht selwer no engem méi aartgerechten an equilibréiertem Friessen ze sichen.

Vill méi wéi mat enger Schossel Kazefudder, hëlleft der dem Kéisécker wann der ëm en naturnoe Gaart mat wëllen Ecken, enger Villfalt u Planzen an deemno och Insekte bitt. Ma flotter-weis hunn ganz vill Leit déi um Projet matgemaach hunn, grad gesot, datt sie esou e Gaart hunn! Oppasse soll een awer onbedéngt, datt de Gaart net hermetesch mat engem Zonk oder Mauer ofgerigelt ass: soss kënnt kee Kéisécker méi eran oder eraus. All Gaardefrënn soll iergendwou e Lach an den Zonk maachen, deen e mat dem sympathesche Kéisécker-Tunnel vum Mouvement Ecologique verschéinere kann! http://shop.meco.lu/produkt/keisecker-tunnel/

De Kéisécker – gefährdet oder net?

Deen een oder anere freet sech bestëmmt, firwat mir de Kéisécker gefährdet nennen, wou en dach anscheinend esou dacks nach virkënnt. Mee duerch den nogewisen dramatesche Réckgang vun Insekten an deene leschte Joerzéngte läit et op der Hand, datt een Insektefrësser fréier oder spéider och ënnert de Konsequenzen dovunner leide wäert. Dowéinst ass et wichteg fir d’Populatioun vum Kéisécker hei zu Lëtzebuerg nach weider ze verfollegen.

Mellt eis also weiderhin är Beobachtungen! Mir si ganz gespaant wéi et weidergeet an hoffen och nach besonnesch op Meldungen aus dem Éislek an dem Osten.