Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Keng Reklamme wgl. – Mier ginn eis net! Opruff vum Mouvement Ecologique

Virun iwwert 35 Joer huet de Mouvement Ecologique den Autocollant «Keng Reklamme wgl.» agefouert. Geméiss Schätzungen droen iwwert 50 % vun de private Bréifkëschten esou en Autocollant, an et goufen – graff geschätzt – 23.600 Beem am Laf vun de Joren duerch dës Aktioun net ëmgehaen.

 

Zenter dem 1. Januar 2024 brauch een opgrond vun dem neien Offallgesetz deen Autocollant net mei. Well ab elo gëllt: Net méi deejéinege wou keng Reklamme well, muss en Autocollant op seng Bréifkëscht pechen , mee deejéinege wou nach Reklamme well, muss een Autocollant drop peche woumat een ausdréckt datt an des Bréifkëscht Reklammen duerfen agehäit ginn.

 

D’Post stellt esou Autocollante fir d’Bréifkëscht, duerch déi een seng Zoustëmmung gëtt fir Reklammen ze kréien, gratis zur Verfügung. An hirem „Flyer“ dozou sti leider Aussoen, déi zumindest irreféierend sinn. Wann do ze liesen ass: datt een duerch hiren Autocollant géif „Eng Reduzéierung vun Offall duerch méi cibléiert Reklammen“ erreechen, esou ass dat einfach falsch! Well genau dann, wann een en Autocollant huet, kritt e Reklammen ageworf an dat mëscht Offall!

 

Fir de Mouvement Ecologique ass kloer : Neen zu de Pabeier Reklammen !

 

De Wee, bis den Autocollant vum Mouvement Ecologique « Keng Reklammen wgl. » gréisstendeels respektéiert gouf, war ganz laang. Eng Rei Firmen déi Reklamme verdeele wollten sech net drun halen.

Elo muss séchergestallt ginn, datt déi nei Reegelen agehale ginn.

 

De Mouvement Ecologique lancéiert eng Campagne, zesumme mat Iech !

Duerfir:

  • Kritt Dir obwuel Dir keen Autocollant hutt, wou Dir matdeelt, datt Dir Reklamme wëllt, der awer nach an Är Bréifkëscht gehäit?
  • Kritt Dir och z.B. Gratis-Zeitungen, wou voll Reklamme sinn an awer behaapten si géinge just informéieren?
  • Oder gesitt Dir aner Problemer?

 

Dann deelt eis dat per e-mail u meco@oeko.lu mat! Schreift eis:

Ären Numm;  wou Dir wunnt a wat Dir krut / wéi e Problem Dir festgestallt hutt!

 

Mir sammelen des  Informatioune a wäerten eis duerfir asetzen, datt déi nei Bestëmmunge respektéiert musse ginn! Mir wäerten Iech – nodeem mir genuch Remarke gesammelt hunn – um lafenden halen iwwert déi weider Aktioun.

 

Merci am Viraus!

 

 

31.01.2024