Gesundheit – Ernährung
  • Print Friendly


Veggie Table: Mangold-Curry mat roude Lënsen (vegan)

 

Dës Kéier presentéiert d’Lydie Philippy e veganen Haaptplat mat Mangold. Déi roud Lënsen kann een och duerch eng aner Lensenzort ersetzen, déi muss een awer virdrun aweechen, well se méi lang musse gekacht ginn . Dir fannt d’Rezept um Blog vu Veggie Table

 

Mangold: Mangold ass eng al Kulturplanz, déi als gréngt Blatgeméis klassifizéiert gëtt, deen aus der selwechter Famill kéint wéi de Spinat an de Grünkohl. Wärend d’Blieder vum Mangold meeschtens gréng sinn, glänzen d’Stiller an d’Blatoderen, jee no Zort an den Faarwe giel, orange, rout oder hell. Et gëtt zwou Zorten, de Schnëtt- oder Blatmangold, bei deem d’Blieder méi grouss sënn an de Still-, Rippenmangold deen een un sengen décke, fleeschege Stiller erkennt.

 

 

 

 

 

 

 

02.02.2024