Bildung für nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Erfollegräiche Seminaire: Gréng Schoulhäff fir Lëtzebuerger Lycéeën

Den 20. November hunn move. an de Mouvement Ecologique e Seminaire zum Thema „Grün und lebendig statt grau und monoton: Planung und Umgestaltung von naturnahen und klimafreundlichen Schulhöfen von Sekundarschulen“. Ronn 60 Leit aus 20 verschidde Lycéeën hunn drun deelgeholl. Alles huet sech em Iddien an Inspiratioun fir d’Ëmgestalte vu Schoulhäff gedréint. Awer och participativ Prozesser souwéi Hürden, déi et ze iwwerwanne gëllt, stoungen am Mëttelpunkt.

 

 

De Kader fir den Dag huet d’Maren Haase mat engem fachleche Virtrag gesat. D’Maren Haase ass Referentin kommunaler Umweltschutz bei der Deutsche Umwelthilfe. An deem Kader leed si de Projet „Klimafreundliche Schulhöfe“, deen si virgestallt huet. De Projet leeft a verschiddenen Bundeslänner an huet als Zil, gro a versigelt Schoulhäff a gréng a klimafrëndlech Platze fir sech ze begéingen fir Schüler:innen ze verwandelen.

 

Fir dat direkt kënnen un enger Schoul ze veranschaulechen, huet den Alexander Lübeck, Direkter vum Humboldtgymnasium zu Solingen, hier Aktivitéite virgestallt. Den Humbuldtgymnasium hellt och um Projet vun der DUH deel. Hien huet de komplette Virgang vun hirer Ëmgestaltung souwéi d’Endresultat presentéiert. Op d’Participatioun vu Schüler:innen huet seng Schoul besonneschen Wäert geluecht, wéi hien erkläert huet.

Am zweeten Deel vum Nomëtten ass et op nationalem Niveau weidergaangen. Vertrieder vun der Ecole Privée Sainte-Anne hunn d’Ëmgestaltung vun hirem Schoulhaff virgestallt an zesumme mam Architekturbureau Architectes Associés Jonas erkläert, wéi si Schrëtt fir Schrëtt virgaange sinn. Och wéi si Schüler:innen an de Projet agebonnen hunn, hunn si unhand vu flotte Fotoen duergeluecht.

Dozou ergänzend huet de Landschaftsarchitekturbureau Mersch Ingénieurs-Paysagistes e puer Projete presentéiert.

 

Nodeems duergeluecht gouf, wat alles méiglech ass bei enger Ëmgestaltung a Begréngung vu Schoulhäff a wat schonn op anere Plazen ëmgesat gin ass, haaten d‘Participanten nach d’Méiglechkeet, hier Bedenken an Onsécherheeten awer och hier Virstellungen an Iwwerleeungen ze äusseren.

Éischt wichteg Erkenntnisser :

 

  • Work in progress: net de ganze Projet muss op ee Coup ëmgesat ginn, et ass méi flott wann och nei Schüler:innen mat dru schaffe kënnen an hir Iddie mat abrénge kënnen an de Projet sech doduerch an och opgrond vun Erfarungen, entwéckelt.
  • Schüler:innen abannen ass net onbedéngt néideg, ma awer vill besser
  • Direkt am Ufank sollt een e konkret a realistescht Konzept erstellen an dee Gesamtplang a klenge Schrëtt no a no ugoen
  • Et ass wichteg, vun Ufank un e klengen haarde Kär vu Schoulpersonal ze hunn, deen sech dozou verflicht, de Projet ze begleeden.
  • D‘Opdeelung vum Schoulhaff an Zonen ze kucken ass wichteg: Weien Deel wëlle mir fir wat notzen? Wouhi kënnt den Aktivitéitsberäich? De Schoulgaart? Gréngflächen? De Sportberäich?
  • Et kann een de Schoulprogramm direkt mat der Ëmsetzung vum Projet verbannen an dono mam fäerdege Projet natierlech och (Schoulgaart, Insektenhotel, Planzen/Beem, Klassenzëmmer dobaussen etc.)
  • Ënnerhaltskäschten si net onbedéngt méi héich, well z.B. manner oft geméit muss ginn
  • Et ass ganz wichteg de Portier / d’technescht Personal aus der Schoul vun Ufank un anzebannen.

 

Méi Informatiounen zum Projet vun der DUH fannt dir hei: https://www.duh.de/schulhoefe/

 

Dëse Seminaire gouf vum Mouvement Ecologique, zesumme mat senger Jugendorganisatioun move. organiséiert. Dëst ënnert dem Patronage vum Bildungsministère souwéi vum Ëmweltministère. Merci och der Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte fir déi finanziell Ënnerstëtzung.

 

Am Unhang fannt Dir d’Powerpoint Presentatioune vun de Referent:innen an de Bericht mat den Erkenntnisser vun dësem Seminaire.

 

12.12.2023