Memberversammlung vun der Regionalsektioun Nordstad-Regioun
De Mouvement Ecologique an d'Regionalsektioun Nordstad-Regioun lued all Memberen aus de Gemenge Bettenduerf, Biissen, Buerschent, Colmar-Bierg, Dikrech, Ettelbréck, Feelen, Ierpeldeng, Iermsdref, Mäerzeg, Miedernach, Noumer, Reisduerf, Schieren an Tandel op eng Memberversammlung an: Donnesdes, den 29. Abrëll vun 18.15 bis 20.00 Auer zu Dikrech, am Café vun der aler Seeërei.