Landesplanung – Urbanismus
  • Print Friendly


Wéi geet et weider mat der Nordstad-Regioun?

Download(s)

D’Chamberwahle sti virun der Dier …

Wéi geet et weider mat der Nordstad-Regioun? Wéi gesinn d’politesch Parteien d’Entwécklung?

Table Ronde mat politesche Parteien e Mëttwoch, den 13. Mee um 20.00 Auer am Stadhaus,
place de l’Hôtel de Ville, Ettelbréck

Wat muss geschéien, fir datt d’Nordstad endlech eng konkret Realitéit an e bedeitende regionalen Zentrum vum Norde gëtt? An datt de Bierger sech mat der Nordstad identifizéiere kann? Wéi kënnen d’Gemenge vun der Nordstad selwer an déi ronderëm zesummeschaffen?

Wéi a wou soll bezuelbare Wunnraum geschafe gi mat enger héijer Liewensqualitéit? Wéi eng Betriber sollen an Zukunft ugezu ginn a wou kënnten déi sech néierloossen? U wéi engen Infrastrukture feelt et am sozialen a kulturelle Beräich? Wéi kann dat alles gesteiert ginn?

Wéi kritt een de Mobilitéits-Problem nohalteg an de Grëff? Wéi steet et mat der Energie-Berodung? Wéi gëtt séchergestallt, datt eis Landschaft och fir d’Noerhuelung an den Tourismus erhale bleift?

Un der Table Ronde huelen deel:
– Francis Dahm, DP
– Claude Halsdorf, LSAP
– Léon Rippinger, Déi Lénk
– Jean-Paul Schaaf, CSV
– Dr Robert Thill-Heusbourg, ADR
– Frank Thillen, déi Gréng

Deen Owend bitt Iech déi eemoleg Geleeënheet, fir d’Positioune vun de verschiddene Parteie mateneen ze vergläichen. E soll awer och all BiergerIn d’Méiglechkeet bidden, de Vertrieder vun de politesche Parteien hir Iddien a Virstellunge mat op de Wee ze ginn.

No der Table Ronde gëtt e Patt zerwéiert.

Les documents en lange française sont disponibles ici en bas, une traduction française de la table ronde est assurée.