• Print Friendly


Memberversammlung vun der Regionalsektioun Nordstad-Regioun

Dir sidd häerzlech agelueden op eng Member-Versammlung:

Donnesdes, den 29. Abrëll vun 18:15 bis 20:00

zu Dikrech, am Café vun der aler Seeërei

  • wéi geet et ganz konkret weider mat der iddi vun der Nordstad?
  • wéi steet et em e Gesamtkonzept vun der Mobilitéit an der Nordstad an de Gemenge ronderem?
  • wat ass den Impakt vun de Gemengefusiounen op d’Entwecklung vun eise Ortschaften resp. d‘Notzung vum Raum (um Beispill  Miedernach – Iermsdref)
  • Iwwerleeë vu kreativen a sprëtzegen Ideeën am Virfeld vun de Gemengewalen 2011 (z.B. konkret Virschléi un d’Parteien an der Nordstad an de Gemenge ronderem)

Des Versammlung zielt als Generalversammlung. (Mir wäerten dëse formalen Deel op 10 Minutten begrenzen, ausser wann ee Member wéilt eppes Extraes zur Debatt stellen).
Gäre ginn och nach Kandidature fir de Comité ugeholl!

            Dono gi mer bei de Lou iessen (Restaurant Äppel a Biiren zu Angelduerf). Mellt Iech w.e.g. dofir bei eis un  ( Tel. 804082 laure.simon@pt.lu )