• Print Friendly


Regional Nordstad: Gemengewalen 2011

Am Oktober 2011 sti Gemengewale an d’Haus. Gemengewale sinn ëmmer eng gutt Zäit fir de Mouvement Écologique national an och regional konkret Iddien / Propose op den Dësch ze leeën, wéi mer eis eng nohalteg Entwécklung vun eise Gemengen / eiser Regioun virstellen.

Dat kann op vill Aart a Weise geschéien: duerch en Dépliant, eng Table Ronde, Aktiounen ….

Dir sitt vläit soss net aktiv bei eis an der Regional, wëllt Iech och net op länger Zeit bannen, oder sitt vläit och onsécher weini e gudden Ablack ass, fir e besjen matzemaachen. Ma grad elo!

D’Gemengewalen sin fir de Mouvement Écologique – als eng vun alle Parteien a Gruppen onofhängeg Organisatioun – eng immens gutt Méiglechkeet, wou

  • jidderee sech mat sengen Interessi’en abrénge kann
  • mir gemeinsam de Punkt machen wat fir eis als Méco an der Regioun déi wichteg Erausfuerderungen aus der Siicht vun enger nohalteger Entwécklung sinn, d.h. kucken: wou sti mer? Wou wëlle mer hin?
    Wat misst gemaach ginn a Saachen Transport, Natur- a Landschaftsschutz, Regionalplanung, Zesummenaarbecht vu Gemengen an der Regioun, Bedeelegung vun de BiergerInnen…?
  • een op eng begrenzten Zäit ka soen: do hunn ech Loscht matzeschwätzen a mech anzebréngen
  • an et och vill verschidde Méiglechkeet gëtt fir matzemaachen: sief et an enger Reunioun seng Iddien abréngen, Fotoe machen, eppes hëllefen organiséieren, kreativ Aktiounen iwwerleeën….

Duerfir: heimat invitéiere mir Iech op eng Versammlung

Mëttwochs, de 25. Mee um 18:30 Auer zu Ettelbréck an der Däichhal
(klenge Sall um 1. Stack)