• Print Friendly


Bëschbesichtegung mam Biolog an Expert ROGER SCHAULS : Kompensatiounsmossnamen: een trauregt Bild no 30 Joer!

Download(s)

Rendez-vous fir d’Bëschbesichtegung ass den Dënschden, 5. Abrëll 2022 um 10:30 zu Zolwer an der rue de Limpach, bei de läschten Haiser. De Biolog an Expert ROGER SCHAULS gëtt déi néideg Explikatiounen an Äntwerten op Froen.

Mellt iech weg un iwwert bigs@pt.lu !

Duerno fuere mer op eng kuerz Visitt vum Bobësch a vun der Natura 2000 Zone tëschent Suessem a Käerjeng, wou de Contournement vu Käerjeng soll derduerch féiere, wou mer bei engem Bréitchen an der Mëttesstonn zesummen diskutéiere kënnen! Passt är Schong an är Kleeder dem Wierder un !

A priori soll do, wou Schued entsteet, duerch Moossnamen de Schued nees “reparéiert” ginn – wat futti gemaach gëtt, gëtt ersat a muss kompenséiert ginn !
Zënter Joerzéngte beméie mer eis déi Beem an Deeler vu Bëscher déi ewech gehae ginn – well Bauprojete Prioritéit hunn – duerch Neiuplanzungen ze kompenséieren. Mir wësse wéi wichteg de Bësch als CO2-Späicher ass.
Kucke mer eis déi Kompenséierungen awer mol méi genee un, da muss e feststellen, dass dat fir al Bëscher net gutt gelongen ass. D’Hoffnung an d’Illusioun eis al Bëscher an hier Bëschflora a Fauna kënne kuerzfristeg duerch Moossnamen ze ersetze sinn all gescheitert.
E konkret Beispill wëlle mer eis méi genee ukucken: Kompensatiounen an den Aessen tëschent Zolwer an Éilereng fir de Bau vun der Collectrice du Sud. Do sti Beem déi virun iwwer 30 Joer als Kompensatiounsmoossnam ugeplanzt gi sinn, direkt niewent engem Bësch deen 150 Joer al ass. Den Zoustand vum neien Deel “Bësch” ass no iwwer 30 Joer deplorabel. Do ass keng Bëschgemeinschaft entstanen – keng Symbiose, keng Biodiversitéit weder bei der Bëschflora nach bei den Déieren.
En erschreckend Bild, awer och en ernüchternd Bild! Kuerzfristeg sinn eis al Bëscher net ze ersetzen. D’Natur brauch Zäit – 100 Joer ! Méi wéi d’Dauer vun engem Mënscheliewen! Mir hunn awer déi Zäit net méi! Matten an enger Klimakris ass et onverstänneg, fahrlässeg an suicidaire al Bëscher wéinst Contournements, sief et zu Käerjeng oder zu Hesper, ofzeholzen!
Et gëtt héich Zäit, dass mer endlech verstinn, dass mer net méi wéi gewinnt weiderfuere kënnen.

Gemeinsam Aktioun vum MOUVEMENT ECOLOGIQUE, NATUR&ËMWELT, YOUTH FOR CLIMATE LUXEMBOURG an der BIGS.

 

15.03.22