• Print Friendly


Diskussiounsronn mat move. a Youth for Climate: Klimakris? Biodiversitéitskris? Wat soen d’Jugendparteien?

Download(s)

move. déi Jonk am Mouvement Écologique zesumme mat Youth for Climate Luxembourg luede ganz häerzlech an zu enger spannender Diskussiounsronn mat de Lëtzebuerger Jugendparteien:

Klimakris? Biodiversitéitskris? Wat soen d’Jugendparteien?

Eng Diskussioun driwwer wéi mir haut d’Politik beaflosse kënne fir eis Zukunft ze gestalten

Donneschdes, den 31. Mäerz 2022 um 18.00 – 20.00 am Carré, duerno gemittlechen Owend mat Iessen, Drinks a flotte Gespréicher

1, rue de l’Aciérie L-1112 Hollerich-Luxembourg

Déi zwou grouss Krisen , d’Klima- an d’Biodiversitéitskris sinn haut scho gräifbar. An Tuvalu oder Bangladesch geet ëmmer méi Land duerch de steigende Mieresspigel verluer, a Brasilien, Australien oder den USA brenne riseg Bëschgebitter, a Russland falen d’Haiser an de Koup wëll de Permafrost opdeet a laut dem Weltbiodiversitéitsrot (IPBES) ass 1/8 vun allen Aarten op der Welt vum Ausstierwe bedreet.

Mee dat ass jo alles ganz wäit fort. Oder net? Spéitstens säit dem Tornado 2019 an der Flutkatastrophe 2021 ass jidderengem bewosst, datt d’Klimakris sech längst och hei zu Lëtzebuerg ofspillt. An och bei eis si ¾ vun allen eenheemesch Aarte berot.

Nodeems während Joeren weltwäit Millioune Leit fir eng aner Klima- an Naturschutzpolitik op d’Stroosse gaange sinn, an d’Weltgemeinschaft dringend handele muss wäerte mer dësen Owend folgende Froen nogoen:

Wéi  musse mir  als Gesellschaft ganz séier reagéieren – och zu Lëtzebuerg, fir dat schlëmmst nach ze verhënneren? Wéi eng politesch Entscheedunge musse mer haut huelen? Wéi eng Chance leien och doranner? Wat schloen déi eenzel Jugendparteien u Léisunge vir?

Sief dobäi an diskutéier mat Vertrieder vu Jonk Demokraten, déi jonk gréng, déi jonk Lénk, Jonk Sozialiste & Chrëschtlech-Sozial Jugend!

Mat derbäi:

Lisa Kersch :  Co-Präsidentin Jonk Sozialiste

Fabricio Costa : Co-Spriecher déi jonk gréng

Martine Kemp – Vize-Presidentin Chrëschtlech-Sozial Jugend

Tania Mousel – Co-Spriecherin déi jonk Lénk

Michel Agostini  – President Jonk Demokraten

Fir di verschidde Froen huet move. A Youth for Climate jeweils en thematëschen Input virbereed

Umeldung:

Fir datt mir d’Iesse besser kënne plangen wire mir frou wanns du dech géifs via Eventbrite umellen. Natierlech kanns du awer och spontan laanschtkommen: https://diskussiounsronn-jugendparteien.eventbrite.de oder per Mail un etienne.degeest@oeko.lu