Spillsaachen a Kannergezei – léiwer deelen ewéi entsuergen

All Joer ginn immens vill Spillsaache kaaft – a vill dovun och séier ewechgehäit. Laut Statistike ginn der vill just kuerz benotzt (manner wéi 8 Méint) oder verschwanne fir Joren um Späicher, éier se an d’Dreckskëscht kommen. Dobäi kéinte vill Spillsaachen nach laang am Asaz sinn. Bei elektronesche Spillsaache bleiwe Batterien dacks dran, déi auslafen an d’Spillsaach onbrauchbar maachen. Schätzunge no kéinten awer 50 % nach un aner Kanner viruge ginn oder recycléiert ginn.

 

Eisen fixit!-Tipp: Et gi flott Initiative vu Veräiner, sozialen Acteuren a Ressourcenzenteren, déi deene Spillsaachen an och dem Kannergezei en zweet Liewe schenken. Hei kënnt Dir Spillsaachen a Kannergezei ofginn an aner Famillen oder Strukturen, déi mat Kanner schaffen, kënnen déi dann duer siche kommen. Hei fannt Dir eng Iwwersiicht:

 

Hu Dir nach weider Adressen? Da schreift eis op marc.krier@oeko.lu