Opruff: Wéi eng Problemer gesitt Dir beim Ausbau vun den erneierbaren Energie? Sot eis Är Erfarungen!

Wéi kann den Ausbau vun den erneierbaren Energië méi séier viru goen? Wéi eng Hürde gëtt et?
D’Regierung huet doriwwer eng sougenannt national Consultatioun lancéiert, virun allem wat d’Photovoltaik an d’Wandkraaft ubelaangt.
Dës Consultatioun huet zum Zil, all d‘Elementer ze sammelen, déi kënnen hëllefen, d‘Entwécklung vun dësen erneierbaren Energie weider ze beschleunegen.
De Mouvement Ecologique hat schonn en éischten Austausch derzou mat dem Energieminister Lex Delles, a Presenz mam Ëmweltminister S. Wilmes. Virun der Reunioun haate mir en Opruff un Iech als Membere gemaach, fir eis Problemer ze soen, mat deenen dir confrontéiert waart. Eng ganz Rei Memberen hu reagéiert, an dësen Input war ganz wäertvoll.
Well den Dossier nach net ofgeschloss ass wollte mir erëm en Appell maachen eis Är Erfarung matzedeelen:
– Hat Dir Problemer bei der Installatioun vun enger Solaranlag? Sief et an der Berodung, duerch d’Gemeng, en Handwierksbetrib, beim Uschloss oder ….?
– Oder bei der Exploitatioun vun der Solaranlag?
– Hutt Dir och vläicht wëllen eng Wärmepompel ariichten oder op Geothermie zréckgräifen, a sidd do op Hürde gestouss? Dat ass zwar net dat eigentlecht Zil vun der Consultatioun, ma als Mouvement Ecologique wollte mir dat och abauen.
– Sidd Dir an enger Kooperative, an Dir gesitt Verbesserungsbedarf an deem Beräich?
Dann deelt eis dat matt! Mir sammelen all Ureegungen an Erfarungen, fir se weider ze ginn a fir an de ganzen Diskussiounen de betraffene Läit eng staark Stëmm ze ginn.
Wgl. just per mail: energie@oeko.lu