Nei : De Podcast « Ouerestëppler » vum Mouvement Ecologique! Éischt Episod: “Ass eise Bësch krank?” mat de Biologe Roger Schauls a Jaques Pir

Gutt Neiegkeeten! De Mouvement Ecologique geet nei Weeër – mat engem eegene Podcast! Freet Iech ab elo ob reegelméisseg ureegend a labber Gespréicher zu Theme vun der nohalteger Entwécklung mat Experten. Sief et zum Zoustand vum Bësch, zur Wuesstemsfro, praktesche Froen am Alldag, der Pestizideproblematik…hei gitt Dir méi gewuer. Dobäi steet de Bezuch zu Lëtzebuerg am Fokus. Egal ob Dir ënnerwee sidd, doheem schafft, nei Perspektive kenneléieren oder einfach méi zu engem Thema wësse wëllt – et lount sech eranzelauschteren.
- Éischt Episod: “Ass eise Bësch krank?” mat de Biologe Roger Schauls a Jaques Pir
„Et gëtt d’Zukunft un dem Bësch: Mir musse kucken, datt mer iwwerhaapt erëm an d’Situatioun kommen, datt eis Bëscher wierklech kënne WUESSEN…“
An der éischter Episod vum Podcast Ouerestëppler gi mir mat den Experte Roger Schauls a Jacques Pir bis an de Bësch. Si si Biologen, an hu scho vu Klengem un eng besonnesch Bezéiung zum Bësch. Haut erzielen si eis wéi eng Erausfuerderungen de Bësch vun haut huet: Klimawandel, Dréchent an d’Wëld setzen him nämlech zou. A wat den urale Schaf vun der Bomi an d‘Bëschcrèche mat der Zukunft vun eisem Bësch ze dinn huet, dat gi mer och gewuer…
Disponibel ab elo! A Wou?
- Op Spotify
- Op Youutube
Followt eis elo a bleift um Lafenden!
Hutt Dir Dossieren, wou Iech als Member besonnesch interesséieren? Wou Dir Iech e Podcast derzou wënscht? Da schreift eis op meco@oeko.lu. Gäre ginn Ureegungen opgegraff, wann et méiglech ass.
07.03.25