Kéisecker info Febuar (1) 2025

Download(s)

 

An dësem Info fannt Dir rëm eng ganz Rei interessant Bäitreeg. Invitéiert gitt Dir op eng heichinteressant Konferenz mat der Virstellunge vun zentrale Resultater an der Jugendfuerschung wat d’Astellungen an d‘Zukunftserwaardungen vun de Jonken haut sinn. Niewent enger Konferenz ass och e verdeiwenden Workshop den Dag drop. Dir fannt eng Sonderbäilag iwwert d’Belaaschtung vun zu Lëtzebuerg verkaaften (a produzéierte) Liewesmëttel duerch Pestiziden, d’Fuerderunge vum Mouvement Ecologique zu der Gestaltung vun de Stroumpräisser, e Bericht zur Konferenz mam Direkter vum Max Planck Institut zur ekologescher Transitioun, Neies vu move., Informatiounen zu E-Autoen an dem Ecolabel. An och d’Energiewochen 2025 stinn an de Startlächer – mat engem Fokus op Renovatioun amplaz Neibau.