Kreativ Iddien fir eng flott nei Veranstaltung gesicht: En Opruff un eis Memberen
Wärend iwwert 20 Joer huet de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall d’Oekofoire organiséiert. E puer Dausend Leit, wéit iwwert de Krees vum Mouvement Ecologique eraus, hunn sech dee Weekend begéint. Et war e wichtegt Evenement, well do konkret Informatioune vermëttelt, ureegend Diskussioune gelaf a vill Leit sech gesinn hunn. An d’Oekofoire huet och déi ëmweltpolitesch Rentrée am Hierscht agelaut…
Iergend eng Kéier war d’Zäit domat opzehalen: d’Käschte waren immens héich, den Opwand fir d’Oekofoire gouf ëmmer méi grouss, Foiren hunn esou wuel bei de Leit wéi bei och verschiddene Betriber un Attraktivitéit verluer a villes méi.
25 Joer och huet de Mouvement den « Alles op de Vëlo” organiséiert, hei hunn sech wärend engem Dag Dausende Leit op de Vëlo lancéiert… an och d’Begéine vu Leit stoung erëm am Fokus. No iwwert 25 Joer hunn d’Regionalen an de Mouvement um nationalen Niveau gemengt, et wär och hei Zäit opzehalen an eis Energie an anere Beräicher anzesetzen. D’Gemengen organiséieren elo deen Dag, wat jo och e Succès ass, no eiser Devise: „eppes un d’Rulle bréngen“.
Virun e puer Joer ass dunn – als Alternativ zur Oekofoire – d’Oekofest am Pafendall agefouert ginn. Virun allem dat éischt Fest war e ganz groussen Erfolleg. Diskussiounsforen, Visitten, Kabarett, Concert’en, Stänn …. hunn Honnerte Leit op 2 Deeg ugezunn. An och wann déi Oekofester duerno e besje mi „kleng“ a jhust een Dag waren, waren och déi e Succès.
2024 wëlle mir eng besonnesch Veranstaltung organiséieren. Zieler sinn :
- Leit esouwuel aus dem Krees vum Mouvement an Oekozenter zesummen ze bréngen, ma och doriwwer eraus. Wéi bei der Oekofoire an och dem Alles op de Vëlo.
- Feieren, schwätzen, sech begéinen …. sollen am Fokus stoen, allerdéngs soll och Raum si fir Diskussiounen, Stänn,Informatiounen ronderëm méi inhaltlech Froestellungen…
Dat muss net onbedéngt en zentralen Event sinn, et kennt een sech och virstellen, datt et op enger oder méi anere Plaz am Land wär.
Wéi awer kéint esou eng Veranstaltung besonnesch kreativ ausgesinn? Wéi eng originell Iddie gëtt et?
Mir wäre frou wann Dir eis spontan Är Ureegunge mat op de Wee géift ginn.
Schéckt eis se eran als email op meco@oeko.lu. Oder maacht online mat bei eiser Ëmfro: https://forms.office.com/e/GgVr9MXJqd
A sot eis och, wann Dir Loscht hutt, un enger Reunioun deelzehuelen. Woubäi mir natierlech – den Thema „oblige“ – an engem labere Kader d’Käpp an d’Kreativitéit wëllen zesumme strecken. Och hei gellt: meco@oeko.lu
Decke Merci am Viraus.
07.03.24