Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Flott Wëllplanzen an Ärem Gaart oder um Balcon

Wann Dir am Hierscht keng Zäit hat fir eng Wëllblummewiss unzeleeën, ass elo är zweet Chance aktiv ze ginn. Am Mäerz an Abrëll – am beschte wann e puer Deeg Reen gemellt ass – kënnt Dir är Wëllplanzewiss, oder och just eng Wëllplanzesträif, ausséinen. De Wëllplanzesom Lëtzebuerg gouf vum Naturschutzsyndikat SICONA an dem Naturmusée, zesumme mat de Biologesche Statiounen a weidere Partner ausgeschafft. De Som gëtt gréisstendeels vu Lëtzebuerger Bauere – ganz ouni den Asaz vu Pestiziden – hiergestallt.

 

Zur Auswiel stinn dräi verschidde Mëschungen:

 

 LUX – Blumenwiese. Dës Geseemsmëschung ass virun allem u frësch Standuerter, déi net ze vill Närstoffer opweisen, ugepasst. Präis: 100g; ca. 25m2: 13€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 15€ fir Net-Memberen.
 LUX – Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen. Dës Mëschung kann op sonnege Standuerter, z.B. laanscht ee Wee, geséint ginn, wou ee schnell vill Bléie wëll hunn. Präis: 100g; ca. 50m2: 12€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 14€ fir Net-Memberen.
 LUX – Schotterrasen. D’Schotterrasen-Mëschung kann op ganzt moert Substrat – z. Split, Sand oder Kisel – mat just wéineg Humusoplag, geséint ginn. Präis: 100g; ca. 25m2: 11€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 13€ fir Net-Memberen.

 

Eng detailléiert Beschreiwung vun de verschiddene Mëschunge fannt Dir op der Internet-Säit vu Rieger-Hofmann: www.rieger-hofmann.de/rieger-hofmann-shop/mischungen/mischungen-fuer-luxemburg/uebersicht.html

 

Wéi leeën ech eng Wëllblummewiss un?

 

Wichteg ass et, virum Ausséinen de Buedem richteg ze preparéieren. Am Beschte séint ee kuerz virun enger méi laanger Reeperiod aus. Reent et net, muss een all 2-3 Deeg nätzen, fir dass déi kleng Planzen ukommen an hier Wuerzelen entwéckele kënnen.
Wann d’Wëllplanze bis ukomm sinn, brauchen se net méi genat ze ginn a maache bal keng Aarbecht. Eng detailléiert Beschreiwung dozou wéi Dir eng nei Wëllblummewiss uleet, a wéi Dir se richteg pfleegt, fannt Dir an der Broschür Anlage von naturnahen Grünflächen im Siedlungsbereich – Ein Praxisratgeber für Gemeinden und Interessierte“. Dës Broschür kann zum Präis vun 2,5€ am Oekozenter Pafendall kaaft, oder gratis an der Oekobib ausgeléint ginn.

 

Wëllplanzesom bestellen

 

Bestelle kënnt Dir d’Geseemsmëschunge per E-Mail un: secretariat@meco.lu (Zousäzkäschte fir de Versand /Präis fir se ze verschécken: < 500g: 2€ ; bis 2kg: 4€) oder Dir kommt se wärend den Ëffnungszäiten an d‘Sekretariat vum Oekozenter sichen: Méi & Fr: tëscht 9 an 12Auer; Dën, Mët & Do vun 9-12 a vu 14-16 Auer.


D’Uleeë vun aarteräiche Blummewisen hëlleft an der Biodiversitéits-Kris d‘Vilfalt vun eisen Insektenaarten ze ënnerstëtzen. Dës Wise bidde villen Insekte Liewensraum a Fudderreserven. All weider Informatiounen zu de Geseemsmëschungen, a wéi Dir eng Blumewiss bei Iech am Gaart uleeë kënnt, fannt Dir op www.naturelo.meco.lu/wellplanzesom-aus-der-regioun/

 

08.03.2024