• Print Friendly


Spendenopruff: Den Asaz fir d’Natur an d’Ëmwelt geet net méi ouni juristesch Argumenter – dofir brauche mir Är finanziell Ënnerstëtzung!

Dir kennt vläicht déi vill an och wichteg Stellungname vum Mouvement Ecologique z.B. am Dossier Google, am Dossier FAGE, mee awer och wat d’Erhale vun natierleche Liewensraim ubelaangt?!

Bei allem Asaz vun eis selwer, si mer op d’Hëllef vun Affekoten ugewisen a mussen an enger Rei Dossiere juristesch aktiv ginn. De Mouvement Ecologique huet och als staatlech unerkannten Ëmweltorganisatioun d’Recht seng Argumenter och viru Geriicht anzekloen.

Esou huet de Mouvement Ecologique z.B. Recours agereecht, géint de Reklassement vu 35ha fir de Projet Google, dëst, well Ëmweltaspekter net genuch gekuckt goufen. A grad ganz aktuell: De Memorandum of Understanding tëscht dem Staat a Google, dee weiderhin der Ëffentlechkeet virenthale soll. Mir ginn eis net, a wäerte souguer Appell géint dat éischt Urteel vum Verwaltungsgeriicht aleeën, dat d‘Siiichtweis vum Staat deelt. De Waasserverbrauch muss z.B. verëffentlecht ginn! Et muss mat offene Kaarte gespillt ginn!  De Mouvement Ecologique wäert sech mat alle Mëttele wieren – ma duerfir brauche mir och Är Hëllef.

Den Dossier FAGE war en aneren, wou mir eis Positioun och juristesch ënnermauert hunn. Mais och fir Aspréch déi gemaach ginn, wa wäertvoll Biotope solle verbaut ginn oder bei der Analyse vu Gesetzer, hänkt eis Aarbecht vill vun der Hëllef vun Affekoten of. Mir gräifen natierlech nëmmen op juristesch Mëttelen zréck, wa mir mengen dat mir keen anere Choix hunn, schliisslech kaschte juristesch Analyse vu Gesetzestexter an d’Prozedure viru Geriicht net nëmmen Zäit, mee awer och Geld.

Mais: déi juristesch Aarbecht gëtt sécher ëmmer méi wichteg! Dowéinst si mir op Spenden ugewisen.

Wgl. ënnerstëtzt dës esou wichteg Aarbecht finanziell mat engem Don un d’Stëftung Oekofonds, mam Vermierk «Juristesch Hëllef».

Hëlleft och Dir mat, juristesch d’Rechter vun der Natur an de Bierger ze stäerken.

Spenden un d‘Stëftung Oekofonds mat dem Vermierk „juristesch Aktiounen“ si steierlech ofsetzbar.

D‘Konte vun der Stëftung sinn di hei:

CCPL: LU96 1111 0734 1886 0000

BCEE: LU31 0019 1100 4403 9000

>> oder via Digicash

 

 

 

 

 

 

 

D‘Stëftung Oekofonds ënnerstëtzt konkret Projeten, dorënner virun allem Projete vum Mouvement Ecologique a vum Oekozenter Pafendall. Méi op www.oekofonds.lu