#2 De Podcast Ouerestëppler: Wéi tickt d’Jugend vun haut ?

An der zweeter Episod vum Podcast „Ouerestëppler“ vum Mouvement Ecologique sinn zwee Experten aus der Jugendfuerschung op Besuch.

 

Den Ingo Leven huet un der renomméierter Shell Jugendstudie an Däitschland matgefuerscht an Dr. Caroline Residori kennt déi neisten Trends, déi am neie Luxembourg Youth Survey ze fanne wäerte sinn.

 

Wéi tickt d‘«Jugend vun haut»? Wat sinn hier Wäerter? Wat sinn hier Ängschten? Wat motivéiert si, fir sech ze engagéieren a wéi gëtt dëst Engagement vun de soziale Medie beaflosst? … sinn e puer vun de Froen, deene mer noginn.

 

Lauschtert elo eran, fir den Experten hir Äntwerten op dës a méi Froen ze héieren.

 

  • Op Spotify

 

  • Op Youtube

 

Followt eis elo a bleift um Lafenden!

 

Hutt Dir Dossieren, wou Iech als Member besonnesch interesséieren? Wou Dir Iech e Podcast derzou wënscht? Da schreift eis op meco@oeko.lu. Gäre ginn Ureegungen opgegraff, wann et méiglech ass.

 

 

 

 

 

 

08.04.25