#5 De Podcast Ouerestëppler: De Lëtzebuerger Bësch: Wou steet en no dësem Summer? War et dat?
An engem éischte Podcast no der Summervakanz schwätze mir mat dem Jacques Pir a Roger Schauls, Biologen an aktiv am Mouvement Ecologique, wéi et no dësem Summer ëm eise Bësch steet.
Wéi huet sech dëse Summer ob de Bësch an de verschiddene Regioune vum Land ausgewierkt? Wourunner erkennt ee Schied? Wat genau geschitt de Beem, wann et esou waarm ass? Wéi eng Beem si besonnesch betraff? Wéi en Afloss huet d’Hëtzt an d’Drëschent awer och op d’Deieren?
A wat muss elo ënnerholl ginn, fir den esou wichtege Liewensraum Bësch ze erhalen?
Lauschtert elo eran:
- Op Spotify
- Op Youtube
05.11.2026





