CETA-Vott dëse Mëttwoch an der Chamber: Deputéierte sollen dergéint stëmmen, grad elo no den Erfarunge vun der Corona-Kris! Schéckt och Dir eng E-mail un d`Deputéierten, all Stëmm zielt
An enger gemeinsamer Stellungnam fuerderen d’Plattform Stop TTIP & CETA a Votum Klima – an deenen de Mouvement Ecologique ganz aktiv ass – d’Deputéierten op beim Vott muer Mëttwoch an der Chamber géint den Accord tëscht EU- a Kanada an dee mat Singapur ze stemmen.
An der gemeinsamer Stellungnam fannt Dir all Argumenter ! Ënnerschreift och Dir den Appell un all Deputéierten, datt d’Fräihandelsaccorden dëse Mëttwoch net solle gestëmmt ginn a sie sech fir e gerechte Welthandel asetzen!
Klickt op dëse Link fir Ären Appell un d`Politiker ze maachen:
Fir Apple:
Envoyer email aux député(e)s
(Falls de Link net geet, versicht vläit mat engem aanere Browser oder um Handy. Falls dat och net klappt kënnt Dir Iech den Inhalt an d Adressen aus dësem PDF kopéieren oder aus dem Word an den Downloads)
D`Stellungnam fannt Dir an den Downloads an hei hu mir nach e puer ganz informativ Artikelen fir Iech zesummegestallt:
- “Die Coronakrise des Freihandels” – eine Analyse von Florian Horn, RLS Brussels
- CETA and pharmaceuticals: impact of the trade agreement between Europe and Canada on the costs of prescription drugs
- Expect a Wave of Pro-IP Proposals from Industry in the Wake of the COVID-19
- Canadian court interprets CETA drug patent extensions more broadly than EU equivalent
- Pandemic profiteers: How foreign investors could make billions from crisis measures
- Third-Party Funders‘ Business Is Booming During Pandemic