Energie – Klimaschutz
  • Print Friendly


Wéi e Stroumfournisseur huelen?

De Mouvement Ecologique gouf an der Läscht dacks gefrot, wéi ee Choix ee beim Stroum-Fournisseur respektiv beim Stroum-Tarif soll treffen.

Eng detailléiert Analyse iwwert D’Detailbewertung vun den eenzelen Offeren um Stroummarché gëtt net méi vum Meco gemaach. Dat ënner anerem, well de Stroummarché sech immens séier ännert, an déi Krittäre wou bei den Analyse viru Joren ugewannt goufen, net méi esou stëmmen. Bewäert gouf jo och ëmmer, d’Ënnerscheeder an der Qualitéit vum grénge Stroum (wéi e Fournisseur notzt méi bestoeend Anlagen, wéi een ënnerstëtzt och méi de Neibau asw.). Dat ass elo net méi esou einfach méiglech. Dat wichtegst ass, datt et iwwerhaapt grénge Stroum ass!

Wann Dir awer wëllt eng gutt Iwwersiicht iwwert déi vereenzelt Fournisseuren an hier Produiten hunn, da recommandéiere mir op www.calculix.lu ze goen.  Hei gesitt Dir wéi eng Fournisseuren a wéi eng Tariffer fir Iech a Fro kommen. Dir hutt en direkte Präisverglach an erkennt och unhand vun engem grénge Piktogramm d’Offere mat 100% gréngem Stroum. Fir méi Detailer gesitt Dir unhand vun enger Fiche (Etikett) och, wéi déi eenzel Produiten zesummegesat sinn.

Eng weider Informatioun vun Interessi ass de Gesamtportfolio vum Fournisseur. Spriech, schafft de Stroumliwwerant just mat erneierbarem Stroum oder handelt hien och mat Atom- oder Kuelestroum? Dëst kéint och ee Krittär beim Choix vun engem responsabele Fournisseur duerstellen. och dës Info fannt Dir ,an der Kolonn “Marke Stromkennzeichnung”, op calculix.lu

Fakt ass momentan, datt Sudstroum deen eenzege Stroumfournisseur fir Privatclients’en ass, dee just grénge Stroum a sengem Fournisseurs-Mix huet. All aner hunn och entweder Fossil & Atom oder eent vu béiden, zousätzlech zu gréngem Stroum.

Remark: Den Etiquetage vun den eenzele Produiten ass momentan just fir d’Joer 2020 verfügbar, wuel wëll dee fir 2021 nach net fäerdeg ass. Mir ginn dervun aus, datt sech dorun näischt Fundamentales ännert.

 

 

 

 

 

25.01.22