Umweltpolitik
  • Print Friendly


Atomenergie ist und bleibt keine nachhaltige Lösung! Nein zur Aufnahme von Atomkraft und Gas in die EU-Taxonomie!

Stellungnam vum nationalen Aktionskomitee géint Atomkraaft, a Koordinatioun vom Mouvement Ecologique:

Nee, fir Atomkraaft (a Gas) an d’EU Taxonomie opzehuelen! Jo, fir dat Lëtzebuerg gemeinsam mat aneren EU-Memberstaaten eng Plainte mécht!

Atomkraaft ass a bleift keng Léisung an der Klimakris. Dofir ass se nämlech:

  • Ze geféierlech: Evenementer wéi Tschernobyl a Fukushima hunn et gewisen
  • Ze deier: Ouni massiv Subventiounen ass se net ze bezuelen
  • Ze lues: Mat iwwert 15 Joer Bauzäit fir en Atomkraaftwierk keng Léisung fir aktuell Problemer
  • Ze ufälleg: Atomkraaftwierker sinn net ugepasst un d’Folge vun der Klimakris wéi Hëtzt, Dréchent an Iwwerschwemmungen
  • Ze sperreg: se verhënnert den Ausbau vun erneierbaren Energien

De ganze Communiqué vum nationalen Aktiounskomittee géint Atomkraaft ewéi eng Zesummefaassung fannt Dir an den Downloads…

 

Réckbléck: De Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft – Am Communiqué vum November 2021 goufen déi aktuell Beméiunge vun der Lëtzebuerger Regierung fir Atomenergie net an déi europäesch Taxonomie opzehuelen, an deemno als gréng Investitioun ze labelen, begréisst. Weider Detailer zur Argumentatioun géint Atomkraaft fannt Dir am Communiqué vum November 2021 an den Downloads.

 

Liesenswäert och zu dësem Thema:

Atomkraft und Erdgas sind keine nachhaltigen Energieträger – Mouvement Ecologique unterschreibt Brief an zukünftigen Bundeskanzler Olaf Scholz

 

 

25.01.2022