Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


E Lotissementsprojet zu Miersch: Fantasielos Planung an Zerstéierung vun ze wäertvolle Biotopen

Download(s)

Asproch vum Mouvement Ecologique a senger Regional Miersch

De Mouvement Ecologique a seng Regional Miersch hunn Asproch am Kader vun der ëffentlecher Prozedur zum „Projet d’Aménagement Particulier (PAP) nouveau quartier « Rue Bouvart“ zu Miersch erhuewen.

De Mouvement Ecologique hat sech ëmmer dogéint ausgeschwat, datt iwwerhaapt op dëser Plaz däerf gebaut ginn. Dat awer ouni Succès.

All duerchgefouert Studien zum Ëmweltimpakt hunn de Site als wichtegt Juegdgebitt a Fluchkorridor fir eng sëllege Fliedermais (europäesch an national geschützten Aarten) a Vullen identifizéiert. Um Site sti vill al Beem an Heckestrukturen. Esou eng Fläch ka schwéier bis net kompenséiert ginn.

Positiv ass, datt den Ëmweltministère an enger Geneemegung fir de Lotissement virschreift, datt d’Demande fir Zerstéierung vun dëse wäertvolle Gréngstrukture réischt agereecht däerfe ginn, nodeem erfollegräich nogewise gouf, datt d’Biodiversitéitsfunktiounen op enger aner Plaz kompenséiert goufen.

De Mouvement Ecologique a seng Regional hunn trotz dëser wichteger a begréissenswäerter Bestëmmung Asproch erhuewen, an zwar aus folgende Grënn:

  • net all relevant Dokumenter leien an der Prozedur aus. Opgrond vun dësem Prozedurfeeler fuerdert de Mouvement Ecologique d‘Annulatioun vun der ëffentlecher Prozedur;
  • et muss eng fachlech Erfaassung vun allen Zerstéierungen am Biodiversitéitsberäich, déi kompenséiert musse ginn, gemaach ginn. Dës Donnéeë mussen dann och publizéiert ginn;
  • et ass ze bezweifelen, datt et duergeet – wéi am Ablack an der Geneemegung vum Ëmweltministère virgeschriwwe – fir als Kompenséierungsmoossnam 700m vum Site ewech een Aker an ee Fliedermaus-Biotop ëmzewandelen. Wéi soll de Verloscht vun hirem Fluchkorridor – also ee Wee, deen d’Fliedermais an der Nuecht benotzte fir vun hirer Schlofplaz an hiert Juegdgebitt ze fléien an nees zeréck – duerch eng Ëmgestaltung vun engem Aker 700 m fort (déi am beschte Fall zu der Vergréisserung vun hirem Juegdgebitt féiert) ersat ginn?

D’Argument fir d’Bebauung vun dësem Site ass e.a., datt e just 100 Meter vun der Gar ewech läit. Duerfir ass et desto méi schlëmm, datt sech dat guer net an der Planung vum Lotissement erëm spigelt: De virleiende Plang ass absolut fantasielos. Fir de Fall, datt dëse Projet awer ëmgesat sollt gi fuerderen de Mouvement Ecologique a seng Regional, datt den aktuelle PAP-Projet grondleeënd iwwerschafft gëtt!

Op dësem Site däerf kee veraalte Standard PAP ëmgesat ginn. D’Planung vun enger autofräier Siidlung (oder zumindest mat manner Parkplazen), ma vill Raim fir Foussgänger a Vëlosfuerer, d’Erhale vun esou vill Gréngs wéi méiglech, eng wierklech flott ëffentlech Plaz (och fir d’Leit wou elo schonn do wunnen) d’Ausrëschtung vun den Haiser mat Gréngdach a Solaranlag, missten eng Selbstverständlechkeet sinn. All dat ass am Ablack net geplangt.

Den Asproch vum Mouvement Ecologique a senger Regional fannt Dir an den Downloads…

 

 

 

27.01.22