• Print Friendly


Virstellung vum Renaturéierungsprojet vun der Mamer an der Uelzecht

De Mouvement Ecologique a seng Regionalen, Miersch & Ëmgéigend an Uelzechtdall, lueden all Memberen häerzlech an op eng Virstellung vum

 

Renaturéierungsprojet vun der Mamer an der Uelzecht

e Mëttwoch, de 24. Abrëll 2024 em 19:30 Auer

an der aler Schoul (Salle des sociétés) zu Biereng 5, rue Wenzel

 

 

Am Ablack leeft de Projet vun der Renaturéierung vun der Uelzecht (tëscht Steesel a Miersch) an der Mamer (zu Miersch).

 

Ziel ass et, dëse Waasserleef hiert natierlecht Bett erëmzeginn. Dës Renaturéierung ass eng ganz sënnvoll Moossnam fir den natierleche Flossprofil nees hierzestellen an esou och méi eng grouss Vilfalt vun Déierenaarten ze fërderen. Gläichzäiteg hëlleft dës Realisatioun den Héichwaasser-Risiko erof ze setzen.

An net zu gudder lescht ass eng Uelzecht an eng Mamer, déi erëm an engem natierleche Bett lafen, och vill méi schéin an attraktiv fir de Mënsch.

  • Ma wéi genee gesäit de Projet aus? Wat ass genee geplangt?
  • Wat gëtt sech konkret dervun erwaart?
  • Wéi laang wäert en daueren?

 

D’Mataarbechter vun der “Division des cours d’eau” vum Waasserwirtschaftsamt wäerten de Projet am Detail virstellen. Natierlech ass no der Virstellung een Austausch mat Froen an Ureegungen an et gëtt e Patt.

 

Dës Veranstaltung ass just fir Membere vum Mouvement Ecologique: Dir sidd häerzlech wëllkomm!

 

Mëllt Iech awer wgl. un, dat erliichtert eis d’Organisatioun meco@oeko.lu.

 

 

27.03.2024