Mobilität
  • Print Friendly


D’Aktioun veloskaart.lu leeft nach bis den 31. Oktober – mat Ärer Hëllef fir besser a méi sécher Vëlosinfrastrukturen!

Download(s)

Mellt problematesch a geféierlech Plaze fir de Vëlo!

Ëmmer méi Leit wëlle Vëlo fueren…mee och wann sech eppes fir de Vëlo an de leschte Jore gedoen huet, sinn d’Infrastrukturen nach vill ze oft net wéi se sollte sinn. Et feelen deels Vëlospisten a wann der do sinn, sinn se net ëmmer sécher. Weider Problemer sinn onnéideg Ëmweeër, Hindernisser, wéineg Confort oder schlecht Beleeg a villes méi.

Wëllt Dir och net länger nokucken?!
Wëllt Dir mathëllefen datt et viru geet an datt de Vëlosverkéier am Land méi sécher gëtt?!
Dann drot Är problematesch Vëlosplazen – a wann Dir wëllt och Är Ureegunge fir d’Situatioun ze verbesseren – ganz einfach op enger interaktiver Kaart an!
Am beschten och mat Foto oder Video.
De Projet leeft bis den 31. Oktober 2021. Uschléissend wäerte mir dës Informatiounen anonym un déi betraffe Gemengen an den Transportministère weiderleeden a se der Press virstellen.

Iwwregens… 2020 goufen och schonn wärend 3 Méint Iddieë gesammelt: Iwwert 300 Ureegunge krute mir zougeschéckt! Den Echo bei de Gemengen an an der Press war grouss!

DËST JOER SOLL GEMEINSAM NACH MÉI ERREECHT GINN!

> Gitt dofir elo op

 

 

 

De Flyer zur Aktioun fannt Dir an den Downloads…