Veggie Table: Staangenzelleri-Lënsen-Eintopf mat Brokkoli (vegan)

Dës Kéier presentéiert d’Lydie Philippy e veganen Eintopf mat Staangenzelleri, Lënsen a Brokkoli
De Staangenzelleri, och Staudenzelleri genannt, mécht keng grouss Knoll, wéi de Knollenzelleri, mee en ass aus Blaatstengelen. Dës si populär als réit Geméis, déi een an Dippe zappe, kann. Reng geschnidden, beräichert de Staangenzelleri Zaloter. Awer hie gëtt och gäre benotzt fir Zoppen, Zoossen a bei Platen déi laang musse gekacht ginn ze verfeinere, wéi an dësem Rezept – an engem Eintopf.
Dëst Rezept a vill anerer fannt dir hei: Veggie table.lu.
22.03.2024