• Print Friendly


Veggie Table: Spargel-Réidecher-Nuddele mat Kaperen (vegan)

 

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy e vegane Plat mat Spargelen a Réidercher.

 

Réidercher hunn eng gutt Portioun Schäerft a wierken antibiotesch an antioxidativ. Dëst beléifte Geméis wiisst am Buedem, mä et ass net wierklech eng Wuerzel, mee eng sougenannte Späicherknoll, un déi sech déi dënn Wuerzel uschléisst. Leider ginn dës, genee wéi déi gréng Blieder, meeschtens ewechgehäit, obwuel se och iessbar a gesond sinn. Also beim Iesse roueg déi kleng Wuerzele mat iessen an déi gréng Blieder an eng Rohkostmëschung oder an enger Zopp verschaffen.

 

Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op: veggie-table.lu