Veggie Table: Schaarfen Ierbesseneintopf mat Reechertofu
Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy e veganen Ierbesseneintopf.
Produktbeschreiwung:
Bio-Butteker hunn haaptsächlech giel oder gréng gedréchent Ierbessen an hirem Sortiment. Et ginn awer och wäiss, brong, gro, rout, violett a marbréiert Zorten. Ongeschielte Zorten hunn de Virdeel, datt si besonnesch räich u Ballaststoffer sinn. Et kritt een se och an enger geschielter Form ze kafen, well si doduercher méi séier duerch sënn a sech besser verdauen. Ierbessen si räich u Proteinnen a Ballaststoffer a ginn haaptsächlech an Zoppen, Eintopfen a Püreeë benotzt. Et ginn awer vill aner Rezepter aus dem Mëttleren Osten, an deenen een se och genéisse kann.
Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu
24.04.26






