• Print Friendly


Veggie Table: Rubbarb-Uebstkuch mat Mandeltopping

Dës Kéier presentéiert d’Lydie Philippy e veganen Rubbarb-Uebstkuch.

 

Dësen Uebstkuch kann een och mat engem aneren saisonalen Uebst preparéieren.

 

Dëst Rezept a vill anerer fannt dir hei: Veggie table.lu.

 

Rubbarb gëtt an den aller meeschte Fäll wéi Uebst preparéiert obwuel et eigentlech e Geméis ass. E schmaacht sauer an no Friichten an ass dowéinst immens beléift. Et gëtt vill gebraucht fir séiss oder méi gehäertze Platen ze verfeineren. Rubbarb huet vill Vitaminnen a Mineralstoffer. En huet en héijen Undeel un Oxalseier, virun allem an de Blieder. Wat de Rubbarb méi al ass, wat den Gehalt un Oxalseier méi héich ass an dofir soll en de Rubbarb vun Enn Juni un net méi recoltéieren.