Veggie Table: Knusprige Erdbeertaschen (vegan)

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy vegan knuspreg Äerdbiertäschen

 

Produktbeschreiwung:

Wéi de Numm et scho seet, ass Margarine e planzlecht Produkt, dat an der veganer Kichen als Ersatz fir Botter gebraucht gëtt. Et besteet haaptsächlech aus Ueleger wéi Raps-, Fluesssom-, Sonneblummen- oder Olivenueleg. D’Ueleger gi mat Emulgatoren vermëscht, fir datt se sech mat dem Waasser vermëschen, an duerno gi weider industriell Prozesser agesat, fir hir Geschmaach a Konsistenz ze ginn. Botter an och Margarine hunn en héije Fettgehalt, mee net all Fetter si déi selwecht. Et gëtt tëscht gesättigte Fetter (haaptsächlech a Déiereprodukter) an ongesättigte Fetter (haaptsächlech a planzleche Produkter) ënnerscheet.

 

Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu

 

23.07.26