• Print Friendly


Veggie-Table: Curry-Gromperenzopp mat frëschem Fenchel (vegan)

 

An hirem Veggie Table Blog presentéiert d’Lydie Philippy eng vegan Curry-Gromperenzopp mat frëschem Fenchel. Dir fannt d‘Rezept hei

 

Fenchel huet e charakteristeschen Anäisgeschmaach. Dëse Geschmaach, dee vu Kampfer a Menthol hierkënnt, mécht d’Knoll sou wäertvoll. Änlech wéi de Fenchelsom berouegen d’ätheresch Ueleger vun der Knoll de Mo an den Daarm. Ausserdeem enthält d’Geméis vill Vitaminnen, Folsaiere souwéi Kalium a Magnesium. Zum Schluss liwwert Fenchel vill Ballaststoffer a wéineg Kalorien. Fenchel fënnt ee bal dat ganzt Joer am Handel. E léisst sech villfälteg preparéieren: gekacht, gedämpft oder gebroden, awer en schmaacht réi och ganz gutt.