• Print Friendly


Kuckt eran an e Lëtzebuerger Betrib dee selwer Geméis ubaut: Leiert de „Krautgaart“kënnen a loosst Iech inspiréieren !

De Mouvement Ecologique luet Iech häerzlech an op eng Visitt

 

Kuckt eran an e Lëtzebuerger Betrib dee selwer Geméis ubaut: Leiert de „Krautgaart“kënnen a loosst Iech inspiréieren !

 

Samschdes, den 8. Juni 2024 um 10:00 Auer zu Stengefort.

 

De Krautgaart ass e Geméisbaubetrib vu Stengefort, deen als sougenannten „Marktgarten“ op klengster Fläch eng gréisstméiglech Varietéit a Quantitéit u Geméis ubaut an direkt un déi lokal Populatioun vermaart. Dëst an enger humaner Gréisst, ouni gréisser Maschinnen an Investitiounen. Sou a mat neien Ubaumethode gëtt probéiert ville Probleemer mat deenen en Deel vun der moderner Landwirtschaft geplot ass ze evitéieren.

 

  • Mee wéi schafft esou e Betrib genau a wéi passt en an déi haiteg Zäit?
  • Wat sinn d’Ubaumethode vun esou enger klengstrukturéierter Landwirtschaft a wéi eng Probleemer genee ginn domadder ugaangen?

 

Vill vun dësen innovative Methoden aus der professioneller Marktgäertnerei sinn och einfach fir den ambitionéierten Hobbygäertner doheem ëmzesetzen.

 

Maacht mat op dëser Visitt vu circa 2,5 Stonn, schmaacht e puer kleng Häppercher vun hire gudde Wueren an diskutéiert mat iwwert d’Zukunft vun esou Betriber!

 

D’Visitt ass ausgebucht.

 

 


 

Sitt Dir méi interesséiert!  Da gitt mat ob der Visitt a schréiwt Iech an fir e Cours am Hierscht!

 

Bei der Visitt gitt Dir och scho mei gewuer iwwert e Cours deen de Mouvement Ecologique am Hierscht ubitt. Dëse riicht sech un Hobbygäertner, déi passionéiert si vum Geméisubau an dëst no buedemopbauenden a nohaltege Prinzippie wëlle machen.

De Cours wäert eis 5-6 Séance vu jeeweils e puer Stonnen stoen, woubäi et theoretesch a praktesch Deeler gëtt. Schreiwt Iech bei Interessi elo schon an, well d’Zuel vu Participanten ass begrenzt.

Et ass absolut ze empfeelen, datt Dir un der Visitt deelhuelt, wann Dir um Cours interesséiert sidd. Dir kënnt Iech duerfir och direkt bei der Visitt aschreiwen.

 

 

⇒Méi Informatioune zum Cours ⇒klickt hei … 

 

 

 

 

 

Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum

 

 

 

 

22.05.2024