• Print Friendly


Uuchten am Oekosoph

Mëttwochs, den 18. Januar 2017 vun 19:30 – 22:00

Mëttwochs, den 15. Februar 2017 vun 19:30 – 22:00

An de Wanterméint ginn d’Deeg méi kuerz an d’Nuechte méi laang. Fréier, wéi et nach keng Elektrizitéit gouf, sinn d’Leit mateneen an d’Uucht gaangen, fir Neiegkeeten ze tauschen, Geschichten ze verzielen, Lidder ze sangen oder soss eppes ze kniwwelen. Ënnert der “Leedung” vum Christian Ries, Catherine Hengesch a Camille Kerger gëtt an der Uucht am Oekosoph en internationale Programm mat weltleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch, Englesch an Italienesch gesongen. De Gesank gëtt begleet mat Piano, akustescher Gittar an/oder Akkordeon. Jiddereen ass wëllkomm, och wann een net wëll sangen an nëmmen nolauschteren wëll. Fir d’Deelhuelen un der Uucht sollt Dir Iech awer w.e.g. umellen op www.uucht.lu

Den Entrée ass fräi… an natierlech kann een och eppes iessen an drénke kommen, ouni un der Uucht deelzehuelen.