• Print Friendly


“Onse Fuendel héich ze halen” oder “Soulaang wéi mer falen, si mer net ënnen”: Liesowend mam Pierre Puth – begleet vum Paul Dahm

2013 hat de Pierre Puth 2013 am CNL e satiresche Virtrag gehal mam Titel Lëtzebuerg de Lëtzebuerger: Exkurs iwwer eis Identitéit – vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d’Léa Linster. Nodeems hien ee Joër duerno als Fortsetzung zu dësem Thema ënnert dem Titel “Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger oder Mir wëlle bleiwen, wat mer guer net sinn“ en zweete Programm geschriwwen hat, soll 2016 déi satiresch Trilogie iwwer Lëtzebuerg mat engem drëtten Deel ofgeschloss ginn.

Rendez-Vous am Oekosoph as de Freiden, 9. Dezember ëm 20:00 – mat lackelegem Fingerfood! Entrée: 23 Euro fir Net-Memberen an 20 Euro fir Memberen. Umelle soll ee sech via: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 bis de Mëttwoch, 7. Dezember 12:00