Ausseruerdentlech Generalversammlung 25.Juni 2025 – Statutenännerung
Leiwe Member,
Merci, datt Dir Iech fir d’Statutereform, déi de Mouvement Ecologique och opgrond vun dem neie Gesetz vum 7. August 2023 zu den asblen muss duerchfeieren, interesséiert.
Dir fannt hei derbäi als pdf an den Downloads:
- Déi ablécklech Statuten
- D’Propose vum Verwaltungsrot fir déi nei Statuten
- Kuerz zesummegefaasst déi aus der Siicht vum Verwaltungsrot besonnesch wichteg Ännerungen.
Falls Dir Ännerungsproposen hutt, wär et léif, wann Dir eis déi géift am Virfeld vum Kongress matdeelen, da kann sech de Verwaltungsrot schonn drop virbereeden. Déi mussen dann awer ob der Generalversammlung virgestallt an driwwer ofgestëmmt ginn.
Merci och, wann Dir op d’Generalversammlung kommt. Duerno ass e klenge „walking dinner”.
Et ass léif, wann Dir Iech am Virfeld umellt.
Schéckt Är Proposen / Är Umeldung wa méiglech bis den 23. Juni un: meco@oeko.lu
Merci fir Ären Interessi.
De Verwaltungsrot
En français :
Cher·e membre,
Merci de votre intérêt pour la réforme des statuts, que le Mouvement Ecologique doit également mettre en œuvre suite à la nouvelle loi du 7 août 2023 concernant les associations sans but lucratif (asbl).
Vous trouvez en annexe :
- Les statuts actuels
- La réforme des statuts proposée par le Conseil d’Administration
- Un résumé des points saillants du projet de réforme.
Si vous avez des propositions de modification, nous vous serions reconnaissants de bien vouloir nous les transmettre en amont du congrès. Cela permettra au conseil d’administration de s’y préparer. Ces propositions devront néanmoins être présentées et soumises au vote lors de l’Assemblée générale.
Merci également de participer à l’Assemblée générale. Un petit « walking dinner » est prévu ensuite.
Nous vous serions reconnaissants de bien vouloir vous inscrire à l’avance.
Merci d’envoyer vos propositions et/ou votre inscription si possible avant le 23 juin à : meco@oeko.lu
Merci pour votre intérêt.
Le conseil d’administration