• Print Friendly


Reparaturuleedungen

Ären elektroneschen Apparat ass futti an Dir wësst net wéi flécken? Op www.ifixit.com fannt Dir Uleedungen, wéi Dir Är Geräter selwer flécke kënnt. Dat ass desto méi wichteg, well  de weltwäiten Elektroschrott vu Joer zu Joer zouhëlt. Mat all neie Produit ginn och weider net-erneierbar Ressourcen ofgebaut. Dat ass desto méi schued, well Geräter oft guer net méi gefléckt mee direkt ersat ginn, och wa se nach gutt wären. Dat huet katastrophal Suitte fir d’Klima, d’Ökosystemer an d‘Mënscherechter an de betraffenen Entwécklungslänner (ganz problematesch Konditioune fir Aarbechter a Kanneraarbecht). Och d‘Vergëftung vu wichtege  Liewensraim hëlt esou zou (wéi déi vu Flëss a Biedem…). Kuckt dofir eran an ifixit.com an drot och Dir en Deel zum Ressourceschutz bäi a schount Äre Portmonnie!

Dir fannt de Site hei: www.ifixit.com

 

Weider Beschreiwunge fir Reparature fannt Dier hei:

 

 

Iech falen nach Adressen mat Reparaturuleedungen an? Gäre kënnt Dir eis dat matdeelen iwwert christophe.murroccu@oeko.lu

 

 

 

Hier geht’s zurück zur „fixit!“-Startseite