• Print Friendly


Miwwelen aus dem Second-Hand Beräich

Gutt Miwwele kënne Joerzéngten halen! Hei fannt Dir eng Lëscht mat Second-Hand-Miwwelgeschäfter oder Initiativen zu Lëtzebuerg. Bei Miwwele gëllt dat selwecht wéi bei villen anere Wueren: laang notzen ass nohalteg! Et si vill fäerdeg produzéiert oder restauréiert Miwwelen am Ëmlaf, déi nach an engem ganz gudden Zoustand sinn. Elleng an Däitschland ginn ongeféier 7,1 Milliounen Tonne Miwwele pro Joer entsuergt, dat muss net sinn. Gitt och Dir Miwwelen eng zweet Chance – beim Weiderginn a selwer kafen. Dat schount d’Ëmwelt… an och Är Gesondheet. Wëll nei Miwwele sinn och nach vill ze oft mat gëftege Stoffer belaascht, déi sech réischt mat der Zäit verflüchtegen.

 

Second-Hand Adressen fir Miwwelen:

Kuckt eran! Mir hunn e Buttek an eiser Lëscht vergiess? Gäre kënnt Dir eis dat matdeelen iwwert christophe.murroccu@oeko.lu

 

 

Hier geht’s zurück zur „fixit!“-Startseite