• Print Friendly


Regional Süden: Gemegewalen 2011

Et deed sech esou muenches am Süden / Minett, virun allem um Niveau vu neie Lotissementer / der Ausweidung vun Bebauungspläng / Aktivitéitszonen, dem Contournement vu Bascharage. De Mouvement Ecologique a seng Regional Süden haaten jo doweinst och virun 1 knappe Mount eng Pressekonferenz, wou mäer eng Rei Dossieren thematiséiert hunn.

Et däerf awer net bei der Pressekonferenz stoe bleiwen… Mir missten eis iwerleen wat mäer weider maache wellen – an och, wéi mäer eis mi konkret wellen an Dossieren wéi dem Megaprojet Huncherange, der Tankstell Monnerech, dem Dossier Haneboesch Déifferdeng, dem Contournement vu Bascharage … engagéieren.

Ausserdem stinn am Oktober 2011 d’Gemengewalen an d’Haus. Gemengewalen sinn emmer eng gutt Zeit fir de Mouvement Ecologique an eis als Regional konkret Iddien / Propose vun eis op den Desch ze leen, wéi mäer eis eng nohalteg Entwécklung vun eise Gemengen / Regioun virstellen.

Ënnert anerëm sin am Süden och folgend Themen aktuell: Loft- an Kaméidibelaaschtung duerch d’Industrie, Sanéierung vun Industriebrochen, nohalteg Mobilitéitspolitik, nei Wunnformen, Erhale vun den Noerhuelungsgebidder, erneierbar Energien …..

Dir sitt vleit soss net aktiv bei eis an der Regional, wellt Iech och net op länger Zeit bannen, oder sitt vleit och onsecher weini e gudden Ablack ass, fir e besjen matzemaachen. Ma grad elo! D’Gemengewalen sinn emmer eng gutt Méiglechkeet sech anzebréngen, och wann ee soss net aktiv ass am Mouvement.

Duefir: et wäer schein, wann Dir ob des besonnech wichteg Réunioun vun eiser Regional geingt lanscht komme, wou mäer en échange wellen hunn.

Termin ass de Méindeg 23. Mai um 19h30

Zu Esch, Ellergronn
Sall vun der Amicale des Hauts Fornaux,
Cockerill Gebäi Ellergronn

Et gett och e klenge Sandwich als Owesiessen !
Duefir wäer et leif wann Dir keint bescheed soen op Dir kommt: meco@oeko.lu, datt mir och genuch an awer net zevill akaafen.