• Print Friendly


Regional Miersch an Emgéigend: Gemengewalen 2011

Am Oktober 2011 stinn Gemengewahlen an d’Haus. Gemengewalen sinn emmer eng gutt Zeit fir de Mouvement Ecologique an eis als Regional konkret Iddien / Propose op den Desch ze leen.

Dir sitt vleit soss net aktiv bei eis an der Regional, wellt Iech och net op länger Zeit bannen, oder sitt vleit och onsecher weini e gudden Ablack ass, fir e besjen matzemaachen. Ma grad elo!

  • D’Gemengewalen ass fir de Mouvement Ecologique – als eng vun alle Parteien a Gruppen onoffhängig Organisatioun – eng immens gutt Meiglechkeet, wou          jiddferen sech mat sengen Interessi’en abrénge kann
  • mäer gemeinsam de Punkt machen wat fir eis als Meco an der Regioun déi wichteg Herausfuerderunge aus der Siicht vun enger nohalteger Entwécklung sinn. Do ass et gutt wann “Aal Huesen” an nei Leit zesummesetzen ? Wat misst gemaach gin a Saachen Transport, Natur- a Landschaftsschutz, Regionalplanung, Zesummenaarbecht vu Gemengen an der Regioun, Bedeelejung vun de BiergerInnen…?
  • een op eng begrenzten Zeit ka soen: do hunn ech Loscht matzeschwätzen, mech anzebréngen
  • an et och vill verschidde Meiglechkeete gëtt fir matzemachen: sief et an enger Reunioun seng Iddien abrengen, Fotoe machen, eppes hellefen organiséieren, kreativ Aktiounen iwerleen….

Duefir: et wäer schein, wann Dir géingt ob enger Reunioun vun eiser Regional lanscht komme, wou mäer en échange wellen hunn.

Termin ass den Donneschden, den 9. Juni um 19.30 am Café-Restaurant Beim Silo, 42, rue de la Gare, Beringen – Mersch

Mir wollten d’Geleenheet awer och notzen, fir aktuell Dossieren bei eis ze beschwätzen.

Iwregens: deser Deeg kritt Dir och d’Broschüre vum Mouvement Ecologique mat generellen Iddien fir d’Gemengewalen. Mir hoffen, datt si Iech gefällt

Virgesinn ass, datt mäer eppes klenges zesummen iesse kennen. Duefir wäer eng Umeldung léif: tel. 439030-1, edmond.haas@education.lu;meco@oeko.lu
Falls Dir dien Dag net kennt kommen, an awer Loscht huet bei eis matzeschaffen, da sot eis vgl. bescheed.