• Print Friendly


Pilzwanderung am Birelergronn

Download(s)

De Mouvement Ecologique an seng Regional Syrdall invitéieren op eng

Pilzwanderung am Birelergronn zu Sandweiler
e Samschden, den 13. Oktober 2007
gefouert vum Fernand Schiltz
10.00 – 12.00, RV zu Sandweiler beim Kierfecht

Allgemeng gekuckt ginn et zu Lëtzebuerg ronn 3500 Pilzen déi zu den sougenannte Grosspilzen (mam bloussen Aa siichtbar) zielen. Dovu sinn der zirka 450 iessbar, de Gros ass ongenéissbar an eng 10 Stéck sinn déidlech gëfteg. Hier Roll an eise Landschaften ass enorm wichteg.
Si zersetzen, liewen a Gemeinschafte mat anere Planzen, sin Bioindikatoren asw.
Départ as beim Auto-Pédestre beim Kierfecht. Vun do aus geet et erof an de Birelergronn an iwwert en interessante Rondwée zréck op den Ausgangspunkt. An den 2 Bëscher am Birelergronn ass d’Artenvielfalt grouss; hei gëtt et Todestrompeten, Semmelstoppelpilz, Austernseitling an esouguer e puer Pfifferlingen … mä bei de Pilzen ass bekanntlech alles ofhängeg vun de Wiederkonditiounen. Während der Pilzwanderung gëtt e spezielle Schwéierpunkt ob d’Roll vun de Pilzen am Naturhaushalt geluecht an hei spille virun allem och déi net-iessbar Pilzen eng wichteg Roll. All dës interessant Kriterie wäert de Fernand Schiltz op der Plaz erklären.