• Print Friendly


Opruff: Wéi eng Problemer gesitt Dir beim Ausbau vun den erneierbaren Energie? Sot eis Är Erfarungen!

Wéi kann den Ausbau vun den erneierbaren Energië méi séier viru goen? Wéi eng Hürde gëtt et?

D’Regierung huet doriwwer eng sougenannt national Consultatioun lancéiert, virun allem wat d’Photovoltaik an d’Wandkraaft ubelaangt.

Dës Consultatioun huet zum Zil, all d’Elementer ze sammelen, déi kënnen hëllefen, d’Entwécklung vun dësen erneierbaren Energie weider ze beschleunegen.

De Mouvement Ecologique soll och seng Remarken eraginn an ass elo – leider ganz kuerzfristeg – och op eng Reunioun de 4.November 2024 agelueden.

 

  • Hat Dir Problemer bei der Installatioun vun enger Solaranlag? Sief et an der Berodung,  duerch d’Gemeng, en Handwierksbetrib, beim Uschloss oder ….?

 

  • Oder bei der Exploitatioun vun der Solaranlag?

 

  • Hutt Dir och vläicht wëllen eng Wärmepompel ariichten oder op Geothermie zréckgraïfen, a sidd do op Hürde gestouss? Dat ass zwar net dat eigentlecht Zil vun der Consultatioun, ma als Mouvement Ecologique wollte mir dat och abauen.

 

Dann deelt eis dat matt! Mir sammelen all Ureegungen an Erfarungen, fir se weider ze ginn a fir an de ganzen Diskussiounen de betraffene Läit eng staark Stëmm ze ginn.All Ureegungen déi virun der Reunioun eragereecht ginn, also virum Méindeg, 4.November si besonnesch hëllefräich, ma och nach déi 2 Wochen duerno, kenne mir se an d’Diskussiounen abréngen:
W.e.gl. just per mail:  meco@oeko.lu.

 

 

25.10.24