Opruff: Sidd Dir Member an enger Kooperative fir Solarenergie? Wat sinn Är Erfarungen?

Mëtt Juni ass de Mouvement Ecologique op en Austausch mam Wirtschaftsministère agelueden, wou driwwer diskutéiert gëtt, ob Verbesserunge fir d’Aktivitéite vun de Kooperative néideg wären a wa jo wéi eng.

 

Sidd Dir Member an enger Cooperative? Wat sinn Är Erfarungen? Hutt Dir Verbesserungsproposen? Oder wollt Dir  eng Kooperative grënnen an hutt Problemer begéint? Wéi eng zousätzlech Hëllefsstellung gëtt eventuell gebraucht, wéi enge Problemer sidd Dir begéint?

 

Dann deelt eis dat wgl. mat op energie@oeko.lu, mir wëllen Är Erfarungen a Virschléi mat an dës Reunioun huelen.

 

Falls méi Interessi ass, maache mir och am Virfeld en Austausch tëscht de Memberen, wou eis hier Ureegunge matgedeelt hunn.